Ofschafe vum Promotiounsexamen fir Beamten an Employéen an der ënneschter Carrière am ëffentleche Déngscht - D’Petitiounen
Ofschafe vum Promotiounsexamen fir Beamten an Employéen an der ënneschter Carrière am ëffentleche Déngscht
Ëffentlech Petitioun Nr.4034
Petitionär: Yves Lill
Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel
Zil vun der Petitioun
Aktuell mussen d'Beamten an d'Employéen aus der ënneschter Carrière en schrëftleche Promotiounsexamen maachen, fir an hirer Carrière virunzekommen. An de méi héije Carrièren am ëffentleche Déngscht ass dat net de Fall. Do ass keen Examen néideg, mee et muss just eng Weiderbildung vun op mannst 12 Deeg gemaach ginn. An der ënneschter Carrière geschitt den Avancement op de Grad X (Echelone X) 6 Joer no der definitiver Ernennung an ouni Weiderbildung, awer nëmme wann de Promotiounsexamen gepackt gëtt. Ab dem Alter vu 50 Joer fält dës Bedingung ewech, fir nach eng lescht Avancement op de Grad 7 ze kréien. An de méi héije Carrièren geschitt den Avancement op de Grad X (Echelone X) 6 Joer no der definitiver Ernennung, ouni Examen an ouni Weiderbildung.
Motivatioun vun der Petitioun
Et soll garantéiert ginn, datt jiddereen an der Fonction publique fair a gläich behandelt gëtt. Et ass richteg, datt Persounen an enger méi héijer Carrière méi laang studéiert hunn. Am Géigenzuch kréien si awer och e méi héije Salaire. Et ass dofir net gerecht, datt Persounen an der ënneschter Carrière nach en zousätzlechen Examen maache mussen, fir an hirer Carrière virunzekommen. All Beamten an Employéen mussen esouwisou den Ofschlossexamen vum Stage packen. Et ass net nozëvollzéien, firwat dono nach en zousätzlechen Examen verlaangt gëtt - an dat just fir eng bestëmmte Carrière. Aus Grënn vun der Fairness soll de Promotiounsexamen fir déi ënnescht Carrièren ofgeschaaft ginn, fir datt jiddereen déi selwecht Chancen huet.
Wichteg Informatiounen
Iwwerpréiwung vun den Ënnerschrëften
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
30/03/2026
Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung
16/04/2026
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
Signatairë vun der Petitioun
28/05/2026
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 4034 z'ënnerschreiwen ass den 28-05-2026 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 646
16/04/2026
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 4034 ka vum 16-04-2026 un ënnerschriwwe ginn
15/04/2026
D'ëffentlech Petitioun Nr. 4034 gouf den 15-04-2026 vun der Petitiounskommissioun als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 16-04-2026 um 0h00 Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 27-05-2026 um 23h59
D’Zäit, fir Ënnerschrëften ze sammelen, ass ofgelaf.
D’Gültegkeet vun de gespäicherten Ënnerschrëften ass am gaangen, iwwerpréift ze ginn
Gespäichert Ënnerschrëften
646 / 5 500