Ofschafe vum Promotiounsexamen fir Beamten an Employéen an der ënneschter Carrière am ëffentleche Déngscht

Ëffentlech Petitioun Nr.4034

Petitionär: Yves Lill

Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel

Zil vun der Petitioun

Aktuell mussen d'Beamten an d'Employéen aus der ënneschter Carrière en schrëftleche Promotiounsexamen maachen, fir an hirer Carrière virunzekommen. An de méi héije Carrièren am ëffentleche Déngscht ass dat net de Fall. Do ass keen Examen néideg, mee et muss just eng Weiderbildung vun op mannst 12 Deeg gemaach ginn. An der ënneschter Carrière geschitt den Avancement op de Grad X (Echelone X) 6 Joer no der definitiver Ernennung an ouni Weiderbildung, awer nëmme wann de Promotiounsexamen gepackt gëtt. Ab dem Alter vu 50 Joer fält dës Bedingung ewech, fir nach eng lescht Avancement op de Grad 7 ze kréien. An de méi héije Carrièren geschitt den Avancement op de Grad X (Echelone X) 6 Joer no der definitiver Ernennung, ouni Examen an ouni Weiderbildung.

Motivatioun vun der Petitioun

Et soll garantéiert ginn, datt jiddereen an der Fonction publique fair a gläich behandelt gëtt. Et ass richteg, datt Persounen an enger méi héijer Carrière méi laang studéiert hunn. Am Géigenzuch kréien si awer och e méi héije Salaire. Et ass dofir net gerecht, datt Persounen an der ënneschter Carrière nach en zousätzlechen Examen maache mussen, fir an hirer Carrière virunzekommen. All Beamten an Employéen mussen esouwisou den Ofschlossexamen vum Stage packen. Et ass net nozëvollzéien, firwat dono nach en zousätzlechen Examen verlaangt gëtt - an dat just fir eng bestëmmte Carrière. Aus Grënn vun der Fairness soll de Promotiounsexamen fir déi ënnescht Carrièren ofgeschaaft ginn, fir datt jiddereen déi selwecht Chancen huet.

Wichteg Informatiounen

Iwwerpréiwung vun den Ënnerschrëften

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf

30/03/2026

Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung

16/04/2026

Zousätzlech Informatiounen

D’Zäit, fir Ënnerschrëften ze sammelen, ass ofgelaf.

D’Gültegkeet vun de gespäicherten Ënnerschrëften ass am gaangen, iwwerpréift ze ginn

Gespäichert Ënnerschrëften

646 / 5 500

Petitioun deelen