Stäerkung vum Lëtzebuergeschen als verpflichtend ze féierend Integratiounssprooch zu Lëtzebuerg - D’Petitiounen
Stäerkung vum Lëtzebuergeschen als verpflichtend ze féierend Integratiounssprooch zu Lëtzebuerg
Ëffentlech Petitioun Nr.4004
Petitionär: David Delvaux
Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel
Zil vun der Petitioun
D'Lëtzebuergescht ass en zentrale Bestanddeel vun eiser nationaler Identitéit an eisem gesellschaftlechen Zesummeliewen. Laut Artikel 4 vun der Verfassung vum Grand-Duché ass Lëtzebuergesch d'national Sprooch vum Land. Am Alldag gesäit een awer ëmmer méi Situatiounen, wou d'Kommunikatioun op Lëtzebuergesch schwéier oder onméiglech gëtt. Dat betrëfft net nëmmen den ëffentleche Secteur, mee och vill Beräicher vum deegleche Liewen. Besonnesch a sensibele Situatiounen ass et wichteg, datt Leit sech an hirer eegener Sprooch kënnen ausdrécken an och verstan ginn. Dat gëllt zum Beispill bei: • Klinicken a Gesondheetsleeschtungen • Alters- a Fleegesecteuren • Schoulen a Betreiungsstrukturen • Apdikten • Geschäfter a Servicer • ëffentlech Administratiounen • a vill aner Beräicher
Motivatioun vun der Petitioun
Vill Bierger, besonnesch eeler Leit oder Kanner, hunn net ëmmer d'Méiglechkeet op aner Sproochen zeréckzegräifen. Eng gemeinsam Sprooch am Alldag vereinfacht d'Kommunikatioun, vermeit Mëssverständnesser a stäerkt de sozialen Zesummenhalt. Dofir freet dës Petitioun d'Regierung an d'Chamber vun den Deputéierten: 1. D'Lëtzebuergescht als verpflichtend ze féierend Integratiounssprooch fir Leit ze stäerken, déi laangfristeg zu Lëtzebuerg liewen oder schaffen. 2. D'Méiglechkeete fir Lëtzebuergesch Coursen ze erweideren an se méi accessibel ze maachen. 3. Patronen ze encouragéieren oder dozou ze verflichten, hire Mataarbechter d'Méiglechkeet ze ginn, Lëtzebuergesch ze léieren. 4. D'Léiere vun der Lëtzebuergescher Sprooch als Standard an de Schoule fir Kanner a Jugendlecher anzeféieren. D'Zil ass net Leit auszeschléissen, mee d'Integratioun ze stäerken an ze garantéieren, datt d'Lëtzebuergescht als national Sprooch och am Alldag, am Commerce an am Kontakt mat der Bevëlkerung erhale bleift.
Wichteg Informatiounen
Iwwerpréiwung vun den Ënnerschrëften
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
12/03/2026
Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung
26/03/2026
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
Signatairë vun der Petitioun
10/05/2026
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 4004 z'ënnerschreiwen ass den 10-05-2026 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 8252
08/04/2026
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 4004 z'ënnerschreiwen ass den 08-04-2026 bis den 09-05-2026 verlängert ginn
Neie Schlussdatum vun der Kollekt vun Ënnerschrëften: 09-05-2026
26/03/2026
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 4004 ka vum 26-03-2026 un ënnerschriwwe ginn
25/03/2026
D'ëffentlech Petitioun Nr. 4004 gouf den 25-03-2026 vun der Petitiounskommissioun als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 26-03-2026 um 0h00 Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 06-05-2026 um 23h59
D’Zäit, fir Ënnerschrëften ze sammelen, ass ofgelaf.
D’Gültegkeet vun de gespäicherten Ënnerschrëften ass am gaangen, iwwerpréift ze ginn
Gespäichert Ënnerschrëften
8 255 / 5 500