Fir eng Unerkennung vu Familljen an der Besteierung! - D’Petitiounen
Fir eng Unerkennung vu Familljen an der Besteierung!
Ëffentlech Petitioun Nr.3899
Petitionär: Aline Schaltz
Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel
Objet vun der Petitioun
Gemeinsam Besteierung net ofschafen, mee nei denken - d'Reform brauch Wielfräiheet & Diversitéit
Motivatioun vun der Petitioun
D'Regierung schaaft d'Famill an der Besteierung of! Ab 2028 soll d'gemeinsam Besteierung (Steierklass 2) ewechfalen, esou datt et an Zukunft just nach Individualbesteierung gëtt. Zwar ass eng Iwwergangszäit vun 25 Joer virgesinn, fir datt Famillje kuerzfristeg net finanziell verléieren - mee d'Signal ass kloer: D'Famill gëtt net méi als wirtschaftlech Eenheet ugesinn. All Mënsch soll eenzel besteiert ginn - och wa Verantwortung, Akommes a Care-Aarbecht bewosst gedeelt ginn. Mir setzen eis dofir an, datt d'gemeinsam Besteierung net ofgeschaaft, mee moderniséiert a weiderentwéckelt gëtt - ugepasst un d'Liewensrealitéite vun haut. Reform - jo, mee eng Reform, déi Wielfräiheet ausbaut amplaz ze beschränken. Famillje sinn haut divers: zwee Vollzäitverdénger, Deelzäitmodeller, Caring-Partner*innen, Patchwork, Elengerzéiend. Net jidderee wëll eng Famill - an et ass och kee Muss. Awer wien eng grënnt, schaaft Wuerzelen, déi net nëmmen dat eegent Liewen droen, mee och dat vun eiser Gemeinschaft: Kanner droen d'Rentesystem, Partnerschaften entlaaschte Staat a Sozialstrukturen, Famillje fänken op, wat soss de Staat misst leeschten. Eng eenzel Persoun benotzt hiert Akommes fir sech eleng. An enger Famill awer muss d'Akommes méi Leit droen an erméiglecht esou Kannerbetreiung, Fleeg, Benevolat an aner gesellschaftlech wäertvoll Aufgaben, di sëlwer keen Akommes generéieren. E Steiersystem muss dës verschidde Liewensrealitéiten unerkennen: Akommes fir d'éischt deelen - duerno besteieren. E System, dat nëmmen d'Individuum gesäit, ënnerbannt Fräiheet amplaz se ze schafen - a schwächt den Zesummenhalt. Mir lancéieren dës Petitioun - fir eng Gesellschaft, déi Gemeinschaft net opléist mee unerkennt - fir e Steiersystem, dat Kanner, Partnerschaft, Care-Aarbecht a Benevolat sichtbar mécht a valoriséiert - fir eng Wielfräiheet zu gemeinsamer Besteierung amplaz Zwang zur Individualbesteierung - fir Diversitéit amplaz Eenheetsmodell - fir Zesummenhalt amplaz Individualiséierung - fir Gemeinschaft amplaz Trennung
D’Zäit, fir Ënnerschrëften ze sammelen, ass ofgelaf.
D’Gültegkeet vun de gespäicherten Ënnerschrëften ass am gaangen, iwwerpréift ze ginn
Gespäichert Ënnerschrëften
1 178 / 5 500
Wichteg Informatiounen
Iwwerpréiwung vun den Ënnerschrëften
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
10/12/2025
Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung
15/01/2026
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
Signatairë vun der Petitioun
26/02/2026
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 3899 z'ënnerschreiwen ass den 26-02-2026 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 1
15/01/2026
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3899 ka vum 15-01-2026 un ënnerschriwwe ginn
14/01/2026
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3899 gouf den 14-01-2026 vun der Petitiounskommissioun als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 15-01-2026 um 0h00 Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 25-02-2026 um 23h59
11/12/2025
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3899 gouf den 11-12-2025 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Fir eng Unerkennung vu Familljen an der Besteierung!