Fir d'Aféierung vun enger deeglecher Nuetsschicht beim ,,Soins à Domicile" - D’Petitiounen
Fir d'Aféierung vun enger deeglecher Nuetsschicht beim ,,Soins à Domicile"
Ëffentlech Petitioun Nr.3865
Petitionär: Francis Molitor
Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel
Objet vun der Petitioun
Dës Petitioun huet zum Zil, datt d'Déngschter vum ,,Soins à Domicile" (Pfleege- a Betreiungsdéngscht doheem) och nuets, an zwar all Nuecht, disponibel sinn. Domat soll garantéiert ginn, datt Mënschen, déi doheem op Hëllef oder Fleeg ugewisen sinn, ronderëm d'Auer - also och tëscht 22:00 an 06:00 Auer - eng adequat a séier Betreiung kréien.
Motivatioun vun der Petitioun
Am Moment gëtt d'Fleeg am Kader vum ,,Soins à Domicile" haaptsächlech während dem Dag ugebueden. Vill Mënschen - besonnesch eelere Persounen, chronesch Kranker oder Leit mat enger Behënnerung - hunn awer och nuets akut Besoinen, wou eng professionell Hëllef néideg ass. Déi meescht Nuetsfäll betreffen: Hëllef beim Toilettengank oder bei der Versuergung vun Inkontinenz, Lagere vun de Patient*innen fir d'Dekubitus-Prophylax (Vermeidung vu Wonneliegen), Kontroll vun Ootmung, Temperatur oder Bluttzocker, Verabreiche vu Medikamenter oder Schmerzmittel no Dokteschuerdnung, souwéi eng roueg a berouegend Präsenz, wann d'Patient*innen Angscht, Onrou oder Desorientatioun hunn. An de meeschte Fäll kënne Familljememberen dës Aufgaben net eleng iwwerhuelen - entweder aus Gesondheetsgrënn, wéinst Aarbecht oder einfach wéinst Erschöpfung. Eng organiséiert Nuetsschicht beim ,,Soins à Domicile" wier dowéinst en onverzichtbare Sécherheetsnetz fir dës Leit an hir Familljen. Sou eng Moossnam géif: d'Sécherheet, Dignitéit a Wuelbefannen vun de Patient*innen erhéijen, d'Familljen an d'Betreier entlaaschten, an d'Noutdéngschter an d'Spidoler entlaaschten, well manner onnéideg Nuetsasätz géife gebraucht ginn. Dëst wier e wichtege Schrëtt fir eng kontinuéierlech, mënschlech a qualitativ héichwäerteg Fleeg am ganze Land ze garantéieren. Fuerderungen am Detail: Aféierung vun enger deeglecher Nuetsschicht beim ,,Soins à Domicile" (zum Beispill vu 22:00 bis 06:00 Auer). Finanziell Ofsécherung vun dëser Schicht duerch d'Pfleegeversécherung (CNS) an eventuell staatlech Subventiounen. Gläichberechtegten Zougang zu Nuetsfleeg a allen Regiounen vum Land. Besser Zesummenaarbecht a Koordinatioun tëscht Spideeler, Hausdokteren an de Pfleegdéngschter, fir eng kontinuéierlech Fleeg 24 Stonnen den Dag ze garantéieren. Erwaardent Resultat: D'Aféierung vun enger deeglecher Nuetsschicht beim ,,Soins à Domicile" géif d'Liewensqualitéit, d'Sécherheet an d'Betreiung vu fleegbedierftege Persounen däitlech verbesseren an gläichzäiteg d'Pflegesystem zu Lëtzebuerg nohalteg stäerken.
Sammlung vun de registréierten Ënnerschrëften
No der Analys vun de gesammelten Ënnerschrëfte si(nn) 405 vun den Ënnerschrëfte valabel.
Validéiert Ënnerschrëften
405 / 5 500
Wichteg Informatiounen
Seuil net erreecht
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
04/11/2025
Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung
27/11/2025
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
Signatairë vun der Petitioun
14/01/2026
Demande de reclassement en pétition ordinaire
14/01/2026
Reklassement vun der ëffentlecher Petitioun Nr. 3865, déi de Seuil vun den Ënnerschrëften net erreecht huet
08/01/2026
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 3865 z'ënnerschreiwen ass den 08-01-2026 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 1
27/11/2025
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3865 ka vum 27-11-2025 un ënnerschriwwe ginn
26/11/2025
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
26/11/2025
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3865 gouf den 26-11-2025 vun der Petitiounskommissioun als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 27-11-2025 um 0h00 Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 07-01-2026 um 23h59
26/11/2025
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 26-11-2025 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3865 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
04/11/2025
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3865 gouf den 04-11-2025 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Für die Einführung einer täglichen Nachtschicht im ,,Soins à Domicile" Zil vun der Petitioun: Diese Petition hat zum Ziel, dass die Dienste des ,,Soins à Domicile" (häuslicher Pflegedienst) künftig auch nachts, und zwar täglich, verfügbar sind. Dadurch soll gewährleistet werden, dass pflegebedürftige Personen rund um die Uhr - also auch zwischen 22:00 und 06:00 Uhr - die notwendige Betreuung und Unterstützung zu Hause erhalten können. Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Der ,,Soins à Domicile" bietet derzeit seine Leistungen überwiegend tagsüber an. Viele pflegebedürftige Menschen - insbesondere ältere Personen, chronisch Kranke oder Menschen mit Behinderung - haben jedoch auch in der Nacht akute Bedürfnisse, die eine rasche Unterstützung erfordern. Immer wieder kommt es vor, dass Patientinnen und Patienten nachts unter Schmerzen, Fieber, Atemnot, Angstzuständen oder anderen gesundheitlichen Problemen leiden. Angehörige oder Nachbarn können in solchen Situationen nicht immer helfen oder sind selbst überfordert. Eine organisierte Nachtschicht innerhalb des ,,Soins à Domicile" würde hier ein wichtiges Sicherheitsnetz schaffen. Sie würde: das Wohlbefinden und die Sicherheit der Patientinnen und Patienten erhöhen, die Angehörigen entlasten, und gleichzeitig die Notdienste und Krankenhäuser von vermeidbaren nächtlichen Einsätzen entlasten. Darüber hinaus wäre eine solche Maßnahme ein bedeutender Schritt zur Verbesserung der kontinuierlichen und menschlich würdevollen Pflege im Großherzogtum Luxemburg. Forderungen im Detail: Einführung einer täglichen Nachtschicht im ,,Soins à Domicile" (zum Beispiel von 22:00 bis 06:00 Uhr). Finanzielle Absicherung dieser Schicht durch die Pflegeversicherung (CNS) und gegebenenfalls staatliche Zuschüsse. Flächendeckender Zugang zu nächtlicher häuslicher Pflege in allen Regionen Luxemburgs. Koordination und Zusammenarbeit mit Krankenhäusern, Hausärzten und Notdiensten, um eine lückenlose Betreuung 24 Stunden täglich zu garantieren. Erwartetes Ergebnis: Die Einführung einer täglichen Nachtschicht im ,,Soins à Domicile" würde eine spürbare Verbesserung der Lebensqualität und Sicherheit von pflegebedürftigen Menschen in Luxemburg bewirken und das Pflegesystem insgesamt stärken.