Petitioun fir d'Fërderung vun der Bekämpfung an Eliminatioun vun invaseieren Aarten zu Lëtzebuerg. - D’Petitiounen
Petitioun fir d'Fërderung vun der Bekämpfung an Eliminatioun vun invaseieren Aarten zu Lëtzebuerg.
Ëffentlech Petitioun Nr.3853
Petitionär: Christophe Riquier
Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel
Objet vun der Petitioun
Dës Petitioun rifft d'Lëtzebuerger Regierung dozou op, aktiv Moossnamen géint d'Verbreedung vun invaseieren Déierenarten wéi de Waschbär, d'Nilegäns an d'Asiatesch Horniss ze huelen, fir d'Biodiversitéit, d'Landwirtschaft an d'allgemengt Wuel vum Land ze schützen.
Motivatioun vun der Petitioun
Mir drécken eis déif Suergen aus iwwer d'Zounahm an d'Verbreedung vun invaseieren Déierenarten zu Lëtzebuerg, dorënner de Waschbär (Procyon lotor), d'Nilegäns (Alopochen aegyptiaca) an d'Asiatesch Horniss (Vespa velutina). Dës Aarten stelle eng eescht a wuessend Gefor fir eis lokal Ökosystemer, eis einheimesch Déieren an doduerch fir d'Gläichgewiicht vun der Natur an d'Sécherheet vun de Bierger duer. Mir fuerderen d'Chamber dofir op: 1. D'kontrolléiert Juegd oder Fänke vun invaseieren Aarten wéi Waschbären an Nilegäns ze fërderen a méi einfach ze maachen, duerch reglementéiert Initiativen, Informatiounscampagnen an d'Ënnerstëtzung vu lokale Jeeër an Déiereschutzorganisatiounen. 2. Eng dauerhaft staatlech Finanzéierung an eng besser Koordinatioun fir d'Bekämpfung vun der Asiatescher Horniss ze garantéieren, mat Programmen zur Nest-Erkennung, professioneller Eliminatioun an engem System fir Bierger-Meldungen. Dës Moossname géife net nëmmen d'eenzegaarteg Ökosystemer vum Land schützen, mee och d'Integritéit vun eiser Landwirtschaft, eise Bëscher an dem ekologesche Gläichgewiicht erhale. Och wann e puer offiziell Rapporte behaapten, datt Juegd oder aktiv Eliminatiounsmoossnamen net vill brénge géifen, kann een dat net wëssen, esou laang näischt probéiert a bewäert gouf. Näischt ze maachen, mécht d'Situatioun nëmme méi schlëmm an féiert zu engem weidere ökologesche Ongläichgewiicht an zu méi héije Käschten op laang Dauer - souwuel ëmweltlech wéi och wirtschaftlech. Mir riffe d'Chamber dofir op, elo ze handelen, ier d'Schied net méi réckgängeg gemaach kënne ginn.
D’Sammele vun Ënnerschrëfte leeft
De Seuil vu 5500 entsprécht der Zuel vun Ënnerschrëften, déi néideg sinn fir dass et en ëffentlechen Debat gëtt
Gespäichert Ënnerschrëften
19 / 5 500
Wichteg Informatiounen
Sammele vun Ënnerschrëften
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
22/10/2025
Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung
13/11/2025
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
Signatairë vun der Petitioun
13/11/2025
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3853 ka vum 13-11-2025 un ënnerschriwwe ginn
12/11/2025
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
12/11/2025
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3853 gouf den 12-11-2025 vun der Petitiounskommissioun als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 13-11-2025 um 0h00 Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 24-12-2025 um 23h59
12/11/2025
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 12-11-2025 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3853 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
22/10/2025
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3853 gouf den 22-10-2025 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Pétition pour la promotion du contrôle et de l'élimination des espèces invasives au Luxembourg. Zil vun der Petitioun: Cette pétition appelle le gouvernement luxembourgeois à prendre des mesures actives contre la propagation des espèces invasives telles que le raton laveur, l'ouette d'Égypte et le frelon asiatique, afin de protéger la biodiversité, l'agriculture et le bien-être public du pays. Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: À l'attention du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg, du Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité, et du Ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural. Nous, soussignés, exprimons notre profonde inquiétude face à la présence et à la propagation croissantes d'espèces animales invasives au Luxembourg, notamment le raton laveur (Procyon lotor), l'ouette d'Égypte (Alopochen aegyptiaca) et le frelon asiatique (Vespa velutina). Ces espèces représentent une menace sérieuse et croissante pour nos écosystèmes locaux, la faune indigène et, par extension, l'équilibre de notre environnement et la sécurité et santé des citoyens. Nous demandons donc au gouvernement de : 1. Promouvoir et faciliter la chasse ou la capture contrôlée d'espèces invasives telles que le raton laveur et l'ouette d'Égypte par des initiatives réglementées, des campagnes de sensibilisation et un soutien aux chasseurs et associations locales. 2. Fournir un financement public durable et une coordination pour l'élimination du frelon asiatique, notamment par la détection des nids, le soutien professionnel à la destruction et la mise en place de mécanismes de signalement communautaires. Ces actions visent à protéger les écosystèmes uniques du Luxembourg et à préserver l'intégrité de son agriculture, de ses forêts et de sa santé environnementale. Bien que certains rapports officiels suggèrent que la chasse ou les mesures d'éradication actives pourraient ne pas avoir d'impact significatif, ces conclusions demeurent spéculatives tant qu'aucune action coordonnée n'a été mise en oeuvre et évaluée. L'inaction, quant à elle, ne fera qu'aggraver la situation, entraînant un déséquilibre écologique et des coûts accrus à long terme - tant environnementaux qu'économiques. Nous appelons donc le gouvernement à agir dès maintenant, avant que les dommages ne deviennent irréversibles.