Entlaaschtung vum Franséischprogramm op der 1ère fir d'Schüler déi zousätzlech e Stage hunn - D’Petitiounen
Entlaaschtung vum Franséischprogramm op der 1ère fir d'Schüler déi zousätzlech e Stage hunn
Ëffentlech Petitioun Nr.3806
Petitionär: Meliha Skrijelj
Objet vun der Petitioun
Mir fuerderen de Franséischprogramm vum Joer 2025/2026 ze reduzéieren. Aus Fairness géigeniwwer de SchülerInnen aus verschidde Schoulen, ass et eis wichteg, datt de Programm ugepasst gëtt. Opgrond vun engem 6 Wöchente Stage am LTPES, verléieren déijéineg SchülerInnen wäertvoll Franséischstonnen a mussen de nämmlechte Programm wei an aner Lycéeë vollzéien. Dat féiert zu engem Nodeel, Drock an Iwwerfuerderung. Fir d'Chancëgläichheet ze behale, wiere mir frou an erliichtert wann eng Adaptatioun kéint emgesat ginn.
Motivatioun vun der Petitioun
Eng Adaptatioun vum Franséischprogramm géif d'Fairness, d'Chancëgläichheet behalen a fir ee gerechte Bildungssystem suergen. Dëse Wonsch géing Suergen, Ängscht an Iwwerlaaschtung behiewen a zu enger Motivatioun am Léierprozess baidroen.
Sammlung vun de registréierten Ënnerschrëften
No der Analys vun de gesammelten Ënnerschrëfte si(nn) 374 vun den Ënnerschrëfte valabel.
Validéiert Ënnerschrëften
374 / 5 500
Wichteg Informatiounen
Seuil net erreecht
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
21/09/2025
Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung
23/10/2025
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
Signatairë vun der Petitioun
05/02/2026
Déclaration de clôture
04/02/2026
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3806 ass den 04-02-2026 ofgeschloss ginn
Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
11/12/2025
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
11/12/2025
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3806 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 11-12-2025 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 374
11/12/2025
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 374
04/12/2025
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 3806 z'ënnerschreiwen ass den 04-12-2025 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 1
23/10/2025
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3806 ka vum 23-10-2025 un ënnerschriwwe ginn
22/10/2025
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
22/10/2025
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3806 gouf den 22-10-2025 vun der Petitiounskommissioun als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 23-10-2025 um 0h00 Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 03-12-2025 um 23h59
22/10/2025
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 22-10-2025 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3806 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
21/09/2025
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3806 gouf den 21-09-2025 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Entlaaschtung vum Franséischprogramm op der 1ère Zil vun der Petitioun: Mir, Schülerlnnen vun der 1ère, fuerderen de Franséischprogramm vum Joer 2025/2026 ze reduzéieren. Aus Fairness géigeniwwer de SchülerInnen aus verschidde Schoulen, ass et eis wichteg, datt de Programm ugepasst gëtt. Opgrond vun engem 6 Wöchente Stage am LTPES, verléieren déijéineg SchülerInnen wäertvoll Franséischstonnen a mussen de nämmlechte Programm wei an aner Lycéeë vollzéien. Dat féiert zu engem Nodeel, Drock an Iwwerfuerderung. Fir d'Chancëgläichheet ze behale, wiere mir frou an erliichtert wann eng Adaptatioun kéint emgesat ginn. Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Eng Adaptatioun vum Franséischprogramm géif d'Fairness, d'Chancëgläichheet behalen a fir ee gerechte Bildungssystem suergen. Dëse Wonsch géing Suergen, Ängscht an Iwwerlaaschtung behiewen a zu enger Motivatioun am Léierprozess baidroen.