Entlaaschtung vum Franséischprogramm op der 1ère fir d'Schüler déi zousätzlech e Stage hunn

Ëffentlech Petitioun Nr.3806

Petitionär: Meliha Skrijelj

Objet vun der Petitioun

Mir fuerderen de Franséischprogramm vum Joer 2025/2026 ze reduzéieren. Aus Fairness géigeniwwer de SchülerInnen aus verschidde Schoulen, ass et eis wichteg, datt de Programm ugepasst gëtt. Opgrond vun engem 6 Wöchente Stage am LTPES, verléieren déijéineg SchülerInnen wäertvoll Franséischstonnen a mussen de nämmlechte Programm wei an aner Lycéeë vollzéien. Dat féiert zu engem Nodeel, Drock an Iwwerfuerderung. Fir d'Chancëgläichheet ze behale, wiere mir frou an erliichtert wann eng Adaptatioun kéint emgesat ginn.

Motivatioun vun der Petitioun

Eng Adaptatioun vum Franséischprogramm géif d'Fairness, d'Chancëgläichheet behalen a fir ee gerechte Bildungssystem suergen. Dëse Wonsch géing Suergen, Ängscht an Iwwerlaaschtung behiewen a zu enger Motivatioun am Léierprozess baidroen.

Sammlung vun de registréierten Ënnerschrëften

No der Analys vun de gesammelten Ënnerschrëfte si(nn) 374 vun den Ënnerschrëfte valabel.

Validéiert Ënnerschrëften

374 / 5 500

Petitioun deelen

Wichteg Informatiounen

Seuil net erreecht

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf

21/09/2025

Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung

23/10/2025

Zousätzlech Informatiounen