Schëfflenger Europaschoul soll nom Astrid Lulling benannt ginn

Ëffentlech Petitioun Nr.3755

Petitionär: Yannick Glod

Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel

Objet vun der Petitioun

D'Zil vun dëser Petitioun ass, d'Wierke vun der Madamm Astrid Lulling an Europa, zu Lëtzebuerg a fir hir Heemechtstad Schëffleng ze wierdegen. Dohier soll d'Europaschoul zu Schëffleng, déi den Educatiounsminister Claude Meisch Mëtt Juli 2025 annoncéiert huet, den Numm vun der Madamm Lulling droen.

Motivatioun vun der Petitioun

Zu Lëtzebuerg ass et Praxis, Gebaier, Stroossen oder Plazen no grousse Perséinlechkeeten aus dem Sport, der Kultur, der Gesellschaft an der Politik ze benennen. Dat geschitt awer leider allze dacks eréischt, wann dës Leit verstuerwe sinn an dës Wierdegung vun hiren Aktiounen net méi materliewe kënnen. Net esou an der Gemeng Conter, wou de Gemengerot am Mee 2024 eng Plaz am Zentrum vu Conter nom neie Lëtzebuerger Premier Luc Frieden benannt huet. Dës Plaz gouf e puer Wochen drop a Presenz vum Regierungschef ageweit. Wär et net och flott, wann eng Fra, déi sech ëm hir Heemechtstad Schëffleng, ëm d'Lëtzebuerger Land an ëm Europa verdéngt gemaach huet, och nach zu Liefzäiten eng Schoul, déi hiren Numm dréit, aweie kéint. Eng Schoul, wou vill Attributer an Iwwerzeegungen, déi d'Madamm Lulling an hirer Zäit als laangjäreg Europadeputéiert vertrueden huet, geléiert ginn an dës erëmspigelen. D'Europaschoul zu Schëffleng soll hir Dieren am Joer 2028 opmaachen, wat sech mam 99. Liewensjoer vun der Madamm Lulling iwwerschneide géif.

Sammlung vun de registréierten Ënnerschrëften

No der Analys vun de gesammelten Ënnerschrëfte si(nn) 24 vun den Ënnerschrëfte valabel.

Validéiert Ënnerschrëften

24 / 5 500

Petitioun deelen

Wichteg Informatiounen

Seuil net erreecht

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf

28/07/2025

Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung

18/09/2025

Zousätzlech Informatiounen