Schëfflenger Europaschoul soll nom Astrid Lulling benannt ginn - D’Petitiounen
Schëfflenger Europaschoul soll nom Astrid Lulling benannt ginn
Ëffentlech Petitioun Nr.3755
Petitionär: Yannick Glod
Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel
Objet vun der Petitioun
D'Zil vun dëser Petitioun ass, d'Wierke vun der Madamm Astrid Lulling an Europa, zu Lëtzebuerg a fir hir Heemechtstad Schëffleng ze wierdegen. Dohier soll d'Europaschoul zu Schëffleng, déi den Educatiounsminister Claude Meisch Mëtt Juli 2025 annoncéiert huet, den Numm vun der Madamm Lulling droen.
Motivatioun vun der Petitioun
Zu Lëtzebuerg ass et Praxis, Gebaier, Stroossen oder Plazen no grousse Perséinlechkeeten aus dem Sport, der Kultur, der Gesellschaft an der Politik ze benennen. Dat geschitt awer leider allze dacks eréischt, wann dës Leit verstuerwe sinn an dës Wierdegung vun hiren Aktiounen net méi materliewe kënnen. Net esou an der Gemeng Conter, wou de Gemengerot am Mee 2024 eng Plaz am Zentrum vu Conter nom neie Lëtzebuerger Premier Luc Frieden benannt huet. Dës Plaz gouf e puer Wochen drop a Presenz vum Regierungschef ageweit. Wär et net och flott, wann eng Fra, déi sech ëm hir Heemechtstad Schëffleng, ëm d'Lëtzebuerger Land an ëm Europa verdéngt gemaach huet, och nach zu Liefzäiten eng Schoul, déi hiren Numm dréit, aweie kéint. Eng Schoul, wou vill Attributer an Iwwerzeegungen, déi d'Madamm Lulling an hirer Zäit als laangjäreg Europadeputéiert vertrueden huet, geléiert ginn an dës erëmspigelen. D'Europaschoul zu Schëffleng soll hir Dieren am Joer 2028 opmaachen, wat sech mam 99. Liewensjoer vun der Madamm Lulling iwwerschneide géif.
Sammlung vun de registréierten Ënnerschrëften
No der Analys vun de gesammelten Ënnerschrëfte si(nn) 24 vun den Ënnerschrëfte valabel.
Validéiert Ënnerschrëften
24 / 5 500
Wichteg Informatiounen
Seuil net erreecht
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
28/07/2025
Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung
18/09/2025
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
Signatairë vun der Petitioun
05/02/2026
Déclaration de clôture
04/02/2026
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3755 ass den 04-02-2026 ofgeschloss ginn
Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
12/11/2025
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
12/11/2025
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3755 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 12-11-2025 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 22
12/11/2025
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 24
30/10/2025
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 3755 z'ënnerschreiwen ass den 30-10-2025 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 24
18/09/2025
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3755 ka vum 18-09-2025 un ënnerschriwwe ginn
17/09/2025
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
17/09/2025
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3755 gouf den 17-09-2025 vun der Petitiounskommissioun als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 18-09-2025 um 0h00 Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 29-10-2025 um 23h59
17/09/2025
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 17-09-2025 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3755 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
28/07/2025
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3755 gouf den 28-07-2025 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Schëfflenger Europaschoul soll nom Astrid Lulling benannt ginn Zil vun der Petitioun: D'Zil vun dëser Petitioun ass, d'Wierke vun der Madamm Astrid Lulling an Europa, zu Lëtzebuerg a fir hir Heemechtstad Schëffleng ze wierdegen. Dohier soll d'Europaschoul zu Schëffleng, déi den Educatiounsminister Claude Meisch Mëtt Juli 2025 annoncéiert huet, den Numm vun der Madamm Lulling droen. Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Zu Lëtzebuerg ass et Praxis, Gebaier, Stroossen oder Plazen no grousse Perséinlechkeeten aus dem Sport, der Kultur, der Gesellschaft an der Politik ze benennen. Dat geschitt awer leider allze dacks eréischt, wann dës Leit verstuerwe sinn an dës Wierdegung vun hiren Aktiounen net méi materliewe kënnen. Net esou an der Gemeng Conter, wou de Gemengerot am Mee 2024 eng Plaz am Zentrum vu Conter nom neie Lëtzebuerger Premier Luc Frieden benannt huet. Dës Plaz gouf e puer Wochen drop a Presenz vum Regierungschef ageweit. Wär et net och flott, wann eng Fra, déi sech ëm hir Heemechtstad Schëffleng, ëm d'Lëtzebuerger Land an ëm Europa verdéngt gemaach huet, och nach zu Liefzäiten eng Schoul, déi hiren Numm dréit, aweie kéint. Eng Schoul, wou vill Attributer an Iwwerzeegungen, déi d'Madamm Lulling an hirer Zäit als laangjäreg Europadeputéiert vertrueden huet, geléiert ginn an dës erëmspigelen. D'Europaschoul zu Schëffleng soll hir Dieren am Joer 2028 opmaachen, wat sech mam 99. Liewensjoer vun der Madamm Lulling iwwerschneide géif.