Schafung vun engem legale Kader fir Cannabis Social Clubs zu Lëtzebuerg

Ëffentlech Petitioun Nr.3704

Petitionär: Xavier Christophe Thill

Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel

Zil vun der Petitioun

Et soll e legale Kader geschafe ginn, fir Cannabis Social Clubs (CSC) zu Lëtzebuerg ze erlaben, ënner strengen an net-kommerzielle Konditiounen, fir de perséinleche Gebrauch vu senge Membere.

Motivatioun vun der Petitioun

D'Entkriminaliséierung vum Cannabis fir de perséinleche Gebrauch zu Lëtzebuerg ass e positiven a couragéierte Schrëtt. Allerdéngs bleift de Kader fir d'Produktioun an d'Verdeelung aktuell limitéiert, besonnesch fir déi Persounen, déi Cannabis legal a verantwortungsvoll wëllen konsuméieren ouni sech dem Schwaarzmaart auszeliwweren. Cannabis Social Clubs bidden eng zousätzlech, kontrolléiert an transparent Méiglechkeet: Membere kënnen an engem kollektive Kader Cannabis zesumme kultivéieren, am Respekt vum Gesetz, vun der Gesondheet an dem Ëmweltschutz. CSC funktionéieren net-kommerziell a baséieren op Solidaritéit, Transparenz a Verantwortung. Verschidde Länner an europäesch Regiounen hu scho positiv Erfahrungen mat dëse Modeller gemaach (Spuenien, Belsch, Deelstaaten an Däitschland). CSC kéinte zu Lëtzebuerg d'Ziler vun der Präventioun, Gesondheetsförderung an Entlaaschtung vun der Justiz ënnerstëtzen. E kloer gereegelte gesetzleche Kader fir Cannabis Social Clubs géif d'Entwécklung vun engem sozialen, gesonden a kontrolléierte Konsum ënnerstëtzen an de Prinzipien vun der legaler Regulatioun Rechnung droen.

Wichteg Informatiounen

Reklassement an eng einfach Petitioun

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf

05/06/2025

Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung

10/10/2025

Zousätzlech Informatiounen

Sammlung vun de registréierten Ënnerschrëften

No der Analys vun de gesammelten Ënnerschrëfte si(nn) 467 vun den Ënnerschrëfte valabel.

Validéiert Ënnerschrëften

468 / 5 500

Petitioun deelen