Staatlech Ënnerstëtzung fir de Motosführerschäin fir Jugendlecher zu Lëtzebuerg - D’Petitiounen
Staatlech Ënnerstëtzung fir de Motosführerschäin fir Jugendlecher zu Lëtzebuerg
Ëffentlech Petitioun Nr.3591
Petitionär: Jason Genot
Objet vun der Petitioun
Dës Petitioun fuerdert d'Aféiere vun enger staatlecher Hëllef fir Jugendlecher zu Lëtzebuerg, déi hiren Motosführerschäin maache wëllen. De Präis vun engem Motosführerschäin läit aktuell bei ronn 1.800 EUR, an dobäi kommen nach d'Käschte fir e Moto, wat d'Gesamtkäschte séier op méi wéi 4.000 EUR bréngt. Vill Jonker kënnen sech dat net leeschten, obwuel de Moto fir si eng wichteg Roll spillt, besonnesch a ländleche Regiounen, wou d'ëffentlech Transportmëttel limitéiert sinn. Mir fuerderen dofir: Direkt finanziell Ënnerstëtzung duerch e staatlecht Subside-System, bei deem de Staat e wesentleche Bestanddeel vun de Käschte fir de Motosführerschäin iwwerhëlt, ouni datt d'Jugendlecher d'Suen zréckbezuele mussen. Dës Hëllef soll onofhängeg vun de Famillje-Revenuen zougänglech sinn. Dest soll sech ob den 50ccm an 125ccm führerschäin bezeihen.
Motivatioun vun der Petitioun
De Präis vun engem Motosführerschäin läit aktuell bei ronn 1.800 EUR, an dobäi kommen nach d'Käschte fir e Moto, wat d'Gesamtkäschte séier op méi wéi 4.000 EUR bréngt. Vill Jonker kënnen sech dat net leeschten, obwuel de Moto fir si eng wichteg Roll spillt, besonnesch a ländleche Regiounen, wou d'ëffentlech Transportmëttel limitéiert sinn. Verbesserung vun de Chancen am Beruffs- a Bildungsberäich: 1) Zougang zu Léierplazen a Schoulen: Net all Schoul oder Léierplaz ass einfach mat den ëffentlechen Transportmëttelen erreechbar, besonnesch a ländleche Regiounen. Mat engem Moto kéinten d'Jugendlecher méi flexibel sinn a méi Méiglechkeeten hunn. 2) Aarbechtsméiglechkeeten: E Moto mécht et méi einfach, Schaffplazen z'erreechen, besonnesch wann d'Schaffzäite fréi moies oder spéit owes sinn, wann den ëffentlechen Transport limitéiert ass. 3) Onofhängegkeet: Jugendlecher musse sech net ëmmer op Elteren oder Frënn verloossen, fir vun A op B ze kommen. Dat ass besonnesch wichteg, wann et ëm Aarbechtsinterviewen oder Schoul- oder außerschoulegen aktivitéiten geet. 4) Fërderung vu Verantwortung: De Moto-Führerschäin bréngt och Léieren iwwer Verantwortung, Stroosserégelen a Sécherheet mat sech.
D’Sammele vun Ënnerschrëfte leeft
De Seuil vu 4500 entsprécht der Zuel vun Ënnerschrëften, déi néideg sinn fir dass et en ëffentlechen Debat gëtt
Gespäichert Ënnerschrëften
9 / 4 500
Wichteg Informatiounen
Sammele vun Ënnerschrëften
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
22/02/2025
Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung
10/10/2025
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
Signatairë vun der Petitioun
10/10/2025
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3591 ka vum 10-10-2025 un ënnerschriwwe ginn
09/10/2025
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3591 kann erëm vum 09-10-2025 un ënnerschriwwe ginn
Ufank vun der neier Kollekt vun Ënnerschrëften: 10-10-2025 Schluss vun der neier Kollekt vun Ënnerschrëften: 20-11-2025
19/06/2025
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 3591 z'ënnerschreiwen ass den 19-06-2025 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 1
18/06/2025
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 9
08/05/2025
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3591 ka vum 08-05-2025 un ënnerschriwwe ginn
07/05/2025
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
07/05/2025
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3591 gouf den 07-05-2025 vun der Petitiounskommissioun als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 08-05-2025 um 0h00 Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 18-06-2025 um 23h59
07/05/2025
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 07-05-2025 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3591 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
22/02/2025
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3591 gouf den 22-02-2025 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Staatlech Ënnerstëtzung fir de Motosführerschäin fir Jugendlecher zu Lëtzebuerg Zil vun der Petitioun: Dës Petitioun fuerdert d'Aféiere vun enger staatlecher Hëllef fir Jugendlecher zu Lëtzebuerg, déi hiren Motosführerschäin maache wëllen. De Präis vun engem Motosführerschäin läit aktuell bei ronn 1.800 EUR, an dobäi kommen nach d'Käschte fir e Moto, wat d'Gesamtkäschte séier op méi wéi 4.000 EUR bréngt. Vill Jonker kënnen sech dat net leeschten, obwuel de Moto fir si eng wichteg Roll spillt, besonnesch a ländleche Regiounen, wou d'ëffentlech Transportmëttel limitéiert sinn. Mir fuerderen dofir: Direkt finanziell Ënnerstëtzung duerch e staatlecht Subside-System, bei deem de Staat e wesentleche Bestanddeel vun de Käschte fir de Motosführerschäin iwwerhëlt, ouni datt d'Jugendlecher d'Suen zréckbezuele mussen. Dës Hëllef soll onofhängeg vun de Famillje-Revenuen zougänglech sinn. Dest soll sech ob den 50ccm an 125ccm führerschäin bezeihen. Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: De Präis vun engem Motosführerschäin läit aktuell bei ronn 1.800 EUR, an dobäi kommen nach d'Käschte fir e Moto, wat d'Gesamtkäschte séier op méi wéi 4.000 EUR bréngt. Vill Jonker kënnen sech dat net leeschten, obwuel de Moto fir si eng wichteg Roll spillt, besonnesch a ländleche Regiounen, wou d'ëffentlech Transportmëttel limitéiert sinn. Verbesserung vun de Chancen am Beruffs- a Bildungsberäich: 1) Zougang zu Léierplazen a Schoulen: Net all Schoul oder Léierplaz ass einfach mat den ëffentlechen Transportmëttelen erreechbar, besonnesch a ländleche Regiounen. Mat engem Moto kéinten d'Jugendlecher méi flexibel sinn a méi Méiglechkeeten hunn. 2) Aarbechtsméiglechkeeten: E Moto mécht et méi einfach, Schaffplazen z'erreechen, besonnesch wann d'Schaffzäite fréi moies oder spéit owes sinn, wann den ëffentlechen Transport limitéiert ass. 3) Onofhängegkeet: Jugendlecher musse sech net ëmmer op Elteren oder Frënn verloossen, fir vun A op B ze kommen. Dat ass besonnesch wichteg, wann et ëm Aarbechtsinterviewen oder Schoul- oder außerschoulegen aktivitéiten geet. 4) Fërderung vu Verantwortung: De Moto-Führerschäin bréngt och Léieren iwwer Verantwortung, Stroosserégelen a Sécherheet mat sech.