Aide-soignanteë sollen fir déi Aarbecht déi si am Alldag leeschten, deementspriechend bezuelt ginn. - D’Petitiounen
Aide-soignanteë sollen fir déi Aarbecht déi si am Alldag leeschten, deementspriechend bezuelt ginn.
Ëffentlech Petitioun Nr.2809
Petitionär: Bryan Jaeger
Objet vun der Petitioun
Den Beruff Aide-soignante ass nach NET richteg an da Gesellschaft ukomm. Dat soll geännert ginn, mat méi Respekt, wäertschätz an besserer Bezuelung.
Motivatioun vun der Petitioun
Aide-soignant ass een Beruff wou een engem Mënsch deen säin Liewen schon vill matgemaach huet oder fir eng kuerz bis hin enger längerfristegen Defizit am Alldag hunn, ze ënnerstëtzen. Den Beruff Aide-soignant ass NET nëmmen do fir ze ""wäschen"", Mais leider ass dat bei villen Leit nach net richteg ukomm. Den Beruff ass net ëmmer einfach... Am Alldag ginn et méi oder manner Aufgaben déi een Aide-soignant bewältegen muss. Et geet hin vun da Kierperfleeg bis hin zu engem Psycholog. Aide-soignant ass eng Stëtz fir jiddereen déi hëllef neidesch hun. An leider ginn et emmer méi Aufgaben an emmer manner Zäit fir déi Aufgaben gerecht ze ginn. Déi Mënschen déi sech Aide-soignant nennen ginn vill, fir déi Mënschen déi Hëllef brauchen. Sie maachen sech den Réck oder den Kapp ""futti"" fir all Aufgaben gerecht ze ginn vun Mënschen déi Hëllef brauchen, ob et nëmmen ass fir mat hinnen ze schwätzen, Fleegen oder einfach do ze sinn. Dofir soll den Beruff méi Respektéiert, wäertschätz an besser Bezuelt ginn.
Ëffentlechen Debat
Wichteg Informatiounen
Petitioun, déi Theema vun engem ëffentlechen Debat ass
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
16/06/2023
Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung
09/09/2023
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
Signatairë vun der Petitioun
17/04/2024
En ëffentlechen Debat an der Kommissioun war den 17-04-2024 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2809
06/12/2023
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2809 huet den 06-12-2023 de Seuil vu 4500 Ënnerschrëften erreecht
06/12/2023
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 4573
21/10/2023
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2809 z'ënnerschreiwen ass den 21-10-2023 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 4679
09/09/2023
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2809 ka vum 09-09-2023 un ënnerschriwwe ginn
08/09/2023
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
08/09/2023
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2809 gouf den 08-09-2023 vun der Petitiounskommissioun als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 09-09-2023 um 0h00 Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 20-10-2023 um 23h59
06/09/2023
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 06-09-2023 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2809 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
16/06/2023
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2809 gouf den 16-06-2023 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Aide-soignanteë sollen fir déi Aarbecht déi si am Alldag leeschten, deementspriechend bezuelt ginn. Zil vun der Petitioun: Den Beruff Aide-soignante ass nach NET richteg an da Gesellschaft ukomm. Dat soll geännert ginn, mat méi Respekt, wäertschätz an besserer Bezuelung. Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Aide-soignant ass een Beruff wou een engem Mënsch deen säin Liewen schon vill matgemaach huet oder fir eng kuerz bis hin enger längerfristegen Defizit am Alldag hunn, ze ënnerstëtzen. Den Beruff Aide-soignant ass NET nëmmen do fir ze "wäschen", Mais leider ass dat bei villen Leit nach net richteg ukomm. Den Beruff ass net ëmmer einfach... Am Alldag ginn et méi oder manner Aufgaben déi een Aide-soignant bewältegen muss. Et geet hin vun da Kierperfleeg bis hin zu engem Psycholog. Aide-soignant ass eng Stëtz fir jiddereen déi hëllef neidesch hun. An leider ginn et emmer méi Aufgaben an emmer manner Zäit fir déi Aufgaben gerecht ze ginn. Déi Mënschen déi sech Aide-soignant nennen ginn vill, fir déi Mënschen déi Hëllef brauchen. Sie maachen sech den Réck oder den Kapp "futti" fir all Aufgaben gerecht ze ginn vun Mënschen déi Hëllef brauchen, ob et nëmmen ass fir mat hinnen ze schwätzen, Fleegen oder einfach do ze sinn. Dofir soll den Beruff méi Respektéiert, wäertschätz an besser Bezuelt ginn.
D’Sammele vun Ënnerschrëften ass eriwwer
No der Analys vun de gesammelten Ënnerschrëfte si(nn) 4573 vun den Ënnerschrëfte valabel.
Validéiert Ënnerschrëften
4 573 / 4 500
