Pour un enseignement axé sur les besoins de nos enfants. Fir en Enseignement deen d'Besoinen vun eisen Kanner wouer hëlt. - D’Petitiounen
Pour un enseignement axé sur les besoins de nos enfants. Fir en Enseignement deen d'Besoinen vun eisen Kanner wouer hëlt.
Ëffentlech Petitioun Nr.2566
Petitionär: Carla Carvalho Almeida
Objet vun der Petitioun
D'Haaptzil vun der Petitioun ass d'Zuel vun de Kanner pro Klass an der Grondschoul ze reduzéieren. Et ass wichteg, dat den Titulaire sein Unterrecht esou kann gestalten, dat hien den Bedürfnisser an den individuellen Ënnerscheeder vun den Kanner kann gerecht ginn. Am Moment ass d'Method fir d'Schoulorganisatioun déi vum Contingent. Dës Method ass ganz komplex a mécht et leider net ëmmer méiglech d'Klassen an enger Schoulorganisatioun esou ze gestalten dat d'Klassen eng harmonesch Klassegreisst hunn. Dës Petitioun soll also ouni Ausnamen d'Klassegréisst op maximal 16 Schüler pro Klass reduzéieren. D'Gréisst vun enger Klass ass e wesentleche Faktor fir en qualitativ héichwäertegen Unterrecht. Dobäi soll d'Petitioun och d'Organisatioun vum Cycle 1 nei iwwerdenken. Wéi am Precoce soll den Titulaire mat engem Educateur zesummen schaffen fir ob d'Bedürfnisser vun den Kanner kennen anzegoen an déi wësentlech Ënnerscheeder an déier Altersspalt (4-6Joer) kennen obzefänken.
Motivatioun vun der Petitioun
An deene 16 Joer wou ech mat Kanner schafen hunn ech bedeitend Ännerungen an der Betreiung bemierkt. D'Entrée an d'Crèche geschitt ëmmer méi fréi a dëst och fir méi laang Perioden. Als Resultat schéngt d'Famill net méi déi eenzeg Plaz vun der primärer Sozialiséierung ze sinn. D'Schoul spillt eng wesentlech Roll an deene verschidde Léierprozesser vun de Kanner. Et ass net nëmmen eng Iwwerdroung vu Wëssen. D'Roll vun den Enseignanten huet sech an der leschter Zäit staark verännert. Et ass also wichteg dat d'Enseignanten an hierer Aufgab esou gutt wéi méiglech ënnerstëtzt ginn. Et soll een Aarbechtskonditioune schafen déi et erméiglechen d'Erausfuerderungen am Alldag ze meeschteren. Zu dësen Zäiten ass et wichteg déi pedagogesch Approchen an d'Moyenen an eisem Schoulsystem ze iwwerpréiwen. Wa mir Kanner an hiren Léierprozesser wëllen ënnerstëtzen, musse mir e System opbauen, dee d'Besoinen vun den Kanner wouer hellt an och kann gerecht ginn. D'Aféieren vum Contingent huet den Educatiounssecteur éischter ënnergruewen wéi gestäerkt. Et ass wichteg e Kader ze setzen deen eng méi individuell Approche erlaabt. D'Fro déi sech stellt ass och ob den Manktem un qualifizéiertem Schoulpersonal net och un deenen aktuellen Aarbechtskonditiounen leit?
Ëffentlechen Debat
Pour un enseignement axé sur les besoins de nos enfants. Fir en Enseignement deen d'Besoinen vun eisen Kanner wouer hëlt.
Ëffentlech Petitioun Nr.2566
Wichteg Informatiounen
Seuil erreecht - et kënnt en ëffentlechen Debat
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
22/12/2022
Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung
17/01/2023
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
Signatairë vun der Petitioun
28/03/2023
En ëffentlechen Debat an der Kommissioun war den 28-03-2023 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2566
10/03/2023
Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 114
10/03/2023
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2566 huet den 10-03-2023 de Seuil vu 4500 Ënnerschrëften erreecht
10/03/2023
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 4639
28/02/2023
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2566 z'ënnerschreiwen ass den 28-02-2023 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 4697
17/01/2023
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2566 ka vum 17-01-2023 un ënnerschriwwe ginn
16/01/2023
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
12/01/2023
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2566 gouf den 12-01-2023 vun der Petitiounskommissioun als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 17-01-2023 um 0h00 Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 27-02-2023 um 23h59
11/01/2023
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 11-01-2023 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2566 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
22/12/2022
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2566 gouf den 22-12-2022 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Pour un enseignement axé sur les besoins de nos enfants. Fir en Enseignement deen d'Besoinen vun eisen Kanner wouer hëlt. Zil vun der Petitioun: D'Haaptzil vun der Petitioun ass d'Zuel vun de Kanner pro Klass an der Grondschoul ze reduzéieren. Et ass wichteg, dat den Titulaire sein Unterrecht esou kann gestalten, dat hien den Bedürfnisser an den individuellen Ënnerscheeder vun den Kanner kann gerecht ginn. Am Moment ass d'Method fir d'Schoulorganisatioun déi vum Contingent. Dës Method ass ganz komplex a mécht et leider net ëmmer méiglech d'Klassen an enger Schoulorganisatioun esou ze gestalten dat d'Klassen eng harmonesch Klassegreisst hunn. Dës Petitioun soll also ouni Ausnamen d'Klassegréisst op maximal 16 Schüler pro Klass reduzéieren. D'Gréisst vun enger Klass ass e wesentleche Faktor fir en qualitativ héichwäertegen Unterrecht. Dobäi soll d'Petitioun och d'Organisatioun vum Cycle 1 nei iwwerdenken. Wéi am Precoce soll den Titulaire mat engem Educateur zesummen schaffen fir ob d'Bedürfnisser vun den Kanner kennen anzegoen an déi wësentlech Ënnerscheeder an déier Altersspalt (4-6Joer) kennen obzefänken. Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: An deene 16 Joer wou ech mat Kanner schafen hunn ech bedeitend Ännerungen an der Betreiung bemierkt. D'Entrée an d'Crèche geschitt ëmmer méi fréi a dëst och fir méi laang Perioden. Als Resultat schéngt d'Famill net méi déi eenzeg Plaz vun der primärer Sozialiséierung ze sinn. D'Schoul spillt eng wesentlech Roll an deene verschidde Léierprozesser vun de Kanner. Et ass net nëmmen eng Iwwerdroung vu Wëssen. D'Roll vun den Enseignanten huet sech an der leschter Zäit staark verännert. Et ass also wichteg dat d'Enseignanten an hierer Aufgab esou gutt wéi méiglech ënnerstëtzt ginn. Et soll een Aarbechtskonditioune schafen déi et erméiglechen d'Erausfuerderungen am Alldag ze meeschteren. Zu dësen Zäiten ass et wichteg déi pedagogesch Approchen an d'Moyenen an eisem Schoulsystem ze iwwerpréiwen. Wa mir Kanner an hiren Léierprozesser wëllen ënnerstëtzen, musse mir e System opbauen, dee d'Besoinen vun den Kanner wouer hellt an och kann gerecht ginn. D'Aféieren vum Contingent huet den Educatiounssecteur éischter ënnergruewen wéi gestäerkt. Et ass wichteg e Kader ze setzen deen eng méi individuell Approche erlaabt. D'Fro déi sech stellt ass och ob den Manktem un qualifizéiertem Schoulpersonal net och un deenen aktuellen Aarbechtskonditiounen leit?
D’Sammele vun Ënnerschrëften ass eriwwer
No der Analys vun de gesammelten Ënnerschrëfte si(nn) 4639 vun den Ënnerschrëfte valabel.
Validéiert Ënnerschrëften
4 753 / 4 500