E Referendum iwwert ons Verfassungsreform - D’Petitiounen
E Referendum iwwert ons Verfassungsreform
Ëffentlech Petitioun Nr.2007
Petitionär: Gérard Koneczny
Objet vun der Petitioun
Ziel vun dëser Petitioun ass dat d'REGIERUNG oder d'CHAMBER e Referendum iwwer d'Verfassungsreform organiséiere soll, an domat d'Wieler iwwer déi nei Verfassung décidéiere léisst. Déi dräi Koalitiounsparteien, d'CSV an d'ADR haten esou e Referendum virun de Wahlen 2018 versprach. Et wier e Vertrauensbroch, wann d'Koalitiounsparteien hiert Verspriechen net géifen anhalen. Wei kéint een denen dann nach trauen? De Lëtzebuerger Wieler soll am Detail an objektiv erkläert kréien wat sech duerch déi Verfaassungsreform ännert. Dëst an den 3 ofizielle Sproochen.
Motivatioun vun der Petitioun
D'Verfassung betrëfft déi ganz Populatioun an all Wieler, an ass dat wichtegst Gesetz am Land. Eng Ännerung vun der Verfassung kann eist Land grondleeënd veränneren. Beispillsweis sollen hei just e puer Theme genannt ginn: - Politesch Staatsziler: - Duerch d'Aschreiwe vu politesche Staatsziler ass de Risiko verbonnen, datt biergerlech Grondrechter ageschränkt ginn. - Dérogation non excessif: - Wéi ass dee Begrëff "dérogation non excessive " beim Aussetzen vun Verfaassungsrechter ze interpretéieren? - Monarchie: - De Lëtzebuerger soll entscheeden op en eng Reform vun der Monarchie wëll an op dëss nei Verfassung net a Richtung vun enger schrëttweiser Ofschafung vun der Monarchie duerch d'Hannerdier wëll goen. Mir erënneren eis un de Referendum vun 1919! - D'Rechter vun der Famill a vun de Kanner: - De Lëtzebuerger Wieler soll kënnen entscheeden, ob en de Schutz vun der Famill an der mënschlecher Persoun duerch déi nei Verfassung wëll änneren oder net. - De Lëtzebuerger soll entscheeden, ob déi nei Verfassung d'Rechter vun de Kanner an d'Recht vun den Elteren fir hir Kanner selwer ze erzéien genuch schützt oder net. - De Lëtzebuerger soll entscheeden op et e "Recht op e Kand" soll ginn an ob d'Recht op d'Liewen net och misst an der Verfassung stoen.
Ëffentlechen Debat
E Referendum iwwert ons Verfassungsreform
Ëffentlech Petitioun Nr.2007
Wichteg Informatiounen
Seuil erreecht - et kënnt en ëffentlechen Debat
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
17/09/2021
Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung
28/09/2021
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
Signatairë vun der Petitioun
25/11/2021
En ëffentlechen Debat an der Kommissioun war den 25-11-2021 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2007
17/11/2021
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2007 huet den 17-11-2021 de Seuil vu 4500 Ënnerschrëften erreecht
17/11/2021
Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 833
17/11/2021
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 17812
09/11/2021
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2007 z'ënnerschreiwen ass den 09-11-2021 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 18579
28/09/2021
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2007 ka vum 28-09-2021 un ënnerschriwwe ginn
28/09/2021
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
24/09/2021
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2007 gouf den 24-09-2021 vun der Petitiounskommissioun als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 28-09-2021 um 0h00 Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 08-11-2021 um 23h59
22/09/2021
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 22-09-2021 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2007 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
17/09/2021
D'ëffentlech Petitioun Nr. 2007 gouf den 17-09-2021 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: E Referendum iwwert ons Verfassungsreform Zil vun der Petitioun: Ziel vun dëser Petitioun ass dat d'REGIERUNG oder d'CHAMBER e Referendum iwwer d'Verfassungsreform organiséiere soll, an domat d'Wieler iwwer déi nei Verfassung décidéiere léisst. Déi dräi Koalitiounsparteien, d'CSV an d'ADR haten esou e Referendum virun de Wahlen 2018 versprach. Et wier e Vertrauensbroch, wann d'Koalitiounsparteien hiert Verspriechen net géifen anhalen. Wei kéint een denen dann nach trauen? De Lëtzebuerger Wieler soll am Detail an objektiv erkläert kréien wat sech duerch déi Verfaassungsreform ännert. Dëst an den 3 ofizielle Sproochen. Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: D'Verfassung betrëfft déi ganz Populatioun an all Wieler, an ass dat wichtegst Gesetz am Land. Eng Ännerung vun der Verfassung kann eist Land grondleeënd veränneren. Beispillsweis sollen hei just e puer Theme genannt ginn: - Politesch Staatsziler: - Duerch d'Aschreiwe vu politesche Staatsziler ass de Risiko verbonnen, datt biergerlech Grondrechter ageschränkt ginn. - Dérogation non excessif: - Wéi ass dee Begrëff "dérogation non excessive " beim Aussetzen vun Verfaassungsrechter ze interpretéieren? - Monarchie: - De Lëtzebuerger soll entscheeden op en eng Reform vun der Monarchie wëll an op dëss nei Verfassung net a Richtung vun enger schrëttweiser Ofschafung vun der Monarchie duerch d'Hannerdier wëll goen. Mir erënneren eis un de Referendum vun 1919! - D'Rechter vun der Famill a vun de Kanner: - De Lëtzebuerger Wieler soll kënnen entscheeden, ob en de Schutz vun der Famill an der mënschlecher Persoun duerch déi nei Verfassung wëll änneren oder net. - De Lëtzebuerger soll entscheeden, ob déi nei Verfassung d'Rechter vun de Kanner an d'Recht vun den Elteren fir hir Kanner selwer ze erzéien genuch schützt oder net. - De Lëtzebuerger soll entscheeden op et e "Recht op e Kand" soll ginn an ob d'Recht op d'Liewen net och misst an der Verfassung stoen.
D’Sammele vun Ënnerschrëften ass eriwwer
No der Analys vun de gesammelten Ënnerschrëfte si(nn) 17812 vun den Ënnerschrëfte valabel.
Validéiert Ënnerschrëften
18 645 / 4 500