Ëffentlech Petitioun - D’Petitiounen
Ëffentlech Petitioun
Fir Petitionär ze sinn, musst Dir:
- op d’mannst 15 Joer al sinn;
- eng Lëtzebuerger Matricule hunn (CNS-Nummer).
Dir braucht en Accès op den eAccess, fir Är Petitioun kënnen elektronesch anzereechen.
Sech iwwer e LuxTrust Produkt (Kaart, Signing Stick) oder eng eID-Kaart verbannen
Iwwer e mobillen Apparat an iwwer d’App GouvID verbannen
Mat der digitaler Identitéit vun engem aneren europäesche Land verbannen
Wann Dir keen Outil hutt, fir den eAccess ze benotzen, kënnt Dir Äre Formulaire mat enger beglaubegter Ënnerschrëft per Post schécken oder perséinlech an der Chamber ofginn. Fir dëst ze maachen, musst Dir Är Identitéitskaart matbréngen an tëscht 9.00 an 17.00 Auer vu Méindes bis Freides an der Receptioun vun der Chamber (ausser Feierdeeg) passéieren. Ausserhalb vun dësen Stonnen ass et néideg, e Rendezvous ze fixéieren.
Wat sinn d’Etappe vun enger ëffentlecher Petitioun?
Är Petitioun an engem ëffentlechen Debat vertrieden.
Wann Är Petitioun de Sockel vun 5500 Ënnerschrëften erreecht huet, gëtt se an engem ëffentlechen Debat diskutéiert. Dir gitt invitéiert, Äert Uleies virun den Deputéierten an den zoustännege Ministeren ze vertrieden. Den ëffentlechen Debat gëtt online iwwerdroen.