Eng Petitioun areechen - D’Petitiounen
Sprooch vun de Petitiounen
D’Petitioun muss an enger vun den 3 Amtssprooche verfaasst ginn: op Lëtzebuergesch, op Franséisch oder op Däitsch.
Et ass méiglech, Iwwersetzunge bäi ze setzen.
Wéi reecht een eng Petitioun an?
Online Versioun
Dir braucht en Accès op den eAccess, fir Är Petitioun kënnen elektronesch anzereechen.
Sech iwwer e LuxTrust Produkt (Kaart, Signing Stick) oder eng eID-Kaart verbannen
Iwwer e mobillen Apparat an iwwer d’App GouvID verbannen
Mat der digitaler Identitéit vun engem aneren europäesche Land verbannen
Pabeier Versioun
Wann Dir keen Outil hutt, fir den eAccess ze benotzen, kënnt Dir Äre Formulaire mat enger beglaubegter Ënnerschrëft per Post schécken oder perséinlech an der Chamber ofginn. Fir dëst ze maachen, musst Dir Är Identitéitskaart matbréngen an tëscht 9.00 an 17.00 Auer vu Méindes bis Freides an der Receptioun vun der Chamber (ausser Feierdeeg) passéieren. Ausserhalb vun dësen Stonnen ass et néideg, e Rendezvous ze fixéieren.
Fëllt heifir de richtege Formulaire aus:
Formulaire, fir eng einfach Petitioun anzereechen Formulaire, fir eng ëffentlech Petitioun anzereechen