Petitionär/in: Claude Hilbert
Fir eng Begrenzung vun der Lautstärkt vun der Musik an den Discoën, Clubs, Bars an op de Baler - Pour la limitation du volume de la musique dans les discothèques, clubs, bars et durant les bals
Ziel der Petition
D'Zieler vun dëser Petitioun dierften wuel jidderengem kloër sinn. Folgend Virdeeler entstinn duerch eng Reglementatioun vun der Maximallautstärkt vun der Musik: 1. Et kann een rëm normal mat aneren Leit schwätzen, ouni sech géigesäitig an d'Ouer bierelen ze mussen. 2. Et ass een nit hees, wann een heem geet. 3. Et huet een keen Tinnitus, wann een heem geet. 4. Et vermeid een, dass d'Hörapparater an 10 Joër deeselwichte Kultstatus erreechen, wéi dëser Deeg d'Smartphones, an sou d'Gesondheetskees schounen. Folgend Nodeeler entstinn duerch eng Reglementatioun vun der Maximallautstärkt vun der Musik: Iwwerhaapt keng. An anere Wieder: op déi Plazen wou een eigentlich higeet, fir sozial Kontakter ze knäppen, ass eben genau dat nit méiglich wéinst der iwwerdriwwener Lautstärkt vun der Musik. Dofir mäin Appell un all déi Jonk, déi sech derzäit op sou Plazen ophalen, an un deenen hier Elteren, huelt iech 2 Minutten an maacht dauerhaft eppes fir är Gesondheet, respektiv fir déi vun äre Kanner.
Verlauf dieser Petition
Umstufung der öffentlichen Petition, welche das Quorum von 4500 Unterschriften verfehlt hat, zur einfachen Petition Nr. 418 am 15-12-2014
Die öffentliche Petition Nr. 418 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 15-12-2014 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 83
Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 418 ist am 06-12-2014 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 84
Die öffentliche Petition Nr. 418 kann ab dem 24-10-2014 unterschrieben werden
Die öffentliche Petition Nr. 418 wurde am 23-10-2014 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt
Zulässigkeit : zulässig
Beginn der Unterschriftsphase : 24-10-2014 um 0:00
Ende der Unterschriftsphase : 05-12-2014 um 23:59
Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 16-10-2014 betreffend die Petition Nr. 418 fällt positiv aus
Gutachten des Petitionsausschusses : positiv
Die öffentliche Petition Nr. 418 wurde am 05-08-2014 eingereicht.
Titel der Petition: Fir eng Begrenzung vun der Lautstärkt vun der Musik an den Discoën, Clubs, Bars an op de Baler - Pour la limitation du volume de la musique dans les discothèques, clubs, bars et durant les bals
Ziel der Petition: D'Zieler vun dëser Petitioun dierften wuel jidderengem kloër sinn. Folgend Virdeeler entstinn duerch eng Reglementatioun vun der Maximallautstärkt vun der Musik:
1. Et kann een rëm normal mat aneren Leit schwätzen, ouni sech géigesäitig an d'Ouer bierelen ze mussen.
2. Et ass een nit hees, wann een heem geet.
3. Et huet een keen Tinnitus, wann een heem geet.
4. Et vermeid een, dass d'Hörapparater an 10 Joër deeselwichte Kultstatus erreechen, wéi dëser Deeg d'Smartphones, an sou d'Gesondheetskees schounen.
Folgend Nodeeler entstinn duerch eng Reglementatioun vun der Maximallautstärkt vun der Musik: Iwwerhaapt keng.
An anere Wieder: op déi Plazen wou een eigentlich higeet, fir sozial Kontakter ze knäppen, ass eben genau dat nit méiglich wéinst der iwwerdriwwener Lautstärkt vun der Musik. Dofir mäin Appell un all déi Jonk, déi sech derzäit op sou Plazen ophalen, an un deenen hier Elteren, huelt iech 2 Minutten an maacht dauerhaft eppes fir är Gesondheet, respektiv fir déi vun äre Kanner.