Öffentliche n°2037

Petitionär/in: Gérard Koneczny

Upassen vun der Vitess-Toleranz bei de Radaren. Erhéijen vu verschiddenen AT'en bei der Vitesse, an aner Verstéiss.

Ziel der Petition

E méi gerecht Behandelen vu Léit déi esou just géint VitessLimitatioun verstouss hunn Dofir e méi strengt Bestroofen vun Léit déi mengen de "Rambo" missen erauszeloossen. Méi Secherheet op onse Stroossen dofir en Upassen vu Stroofen fir verschidde Kavaléiersdelikter. Méi Secherheet bei ... mehr

Beweggründe für die Petition

Vill zevill Automobilisten bezuelen wéinst engem minimalen Dépasséieren vun der Vitesse ëm 1km 49EUR. Dëst ass zimlech ongerecht. Fir ons Verwaltung ass et egal op dat 1km/h oder 20km/h sinn. Fir ons Verwaltung ass et och egal op dat 21km/h oder 60km/h a méi sinn. Déi "Toleranz" vun 3km/h ... mehr

abgelaufen  29.11.2021
288 /4.500
6%
gesammelte Unterschriften

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
11.03.2022

Beendigungsbescheid

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
02.03.2022

Die öffentliche Petition Nr. 2037 wurde am 02-03-2022 abgeschlossen

Begründung der Beendigung: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

14.12.2021

Anfrage betreffend die Weiterbearbeitung der Petition in Form einer einfachen Petition

14.12.2021

Die öffentliche Petition Nr. 2037 hat das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften bis zum 14-12-2021 nicht erreicht. Zahl der gültigen Unterschriften: 288

14.12.2021

Gültige Online-Unterschriften: 288

30.11.2021

Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 2037 ist am 30-11-2021 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 288

19.10.2021

Die öffentliche Petition Nr. 2037 kann ab dem 19-10-2021 unterschrieben werden

18.10.2021

Zulässigkeitsbescheid

14.10.2021

Die öffentliche Petition Nr. 2037 wurde am 14-10-2021 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

Beginn der Unterschriftsphase : 19-10-2021 um 0:00

Ende der Unterschriftsphase : 29-11-2021 um 23:59

13.10.2021

Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 13-10-2021 betreffend die Petition Nr. 2037 fällt positiv aus

Gutachten des Petitionsausschusses : positiv

05.10.2021

Die öffentliche Petition Nr. 2037 wurde am 05-10-2021 eingereicht.

Titel der Petition: Upassen vun der Vitess-Toleranz bei de Radaren. Erhéijen vu verschiddenen AT'en bei der Vitesse, an aner Verstéiss.

Ziel der Petition: E méi gerecht Behandelen vu Léit déi esou just géint VitessLimitatioun verstouss hunn

Dofir e méi strengt Bestroofen vun Léit déi mengen de "Rambo" missen erauszeloossen.

Méi Secherheet op onse Stroossen dofir en Upassen vu Stroofen fir verschidde Kavaléiersdelikter.

Méi Secherheet bei onse Schoulen.

 

Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: Vill zevill Automobilisten bezuelen wéinst engem minimalen Dépasséieren vun der Vitesse ëm 1km 49EUR. Dëst ass zimlech ongerecht. Fir ons Verwaltung ass et egal op dat 1km/h oder 20km/h sinn. Fir ons Verwaltung ass et och egal op dat 21km/h oder 60km/h a méi sinn.

Déi "Toleranz" vun 3km/h ass un sech eng "technesch Ongenauegkeet". Esou eng Ongenauegkeet ass vu villen Saachen ofhängeg.

An onsen Nopeschlänner gëtt et eng Toleranz vun mindestens 5km/h.

Dofir sollt déi Toleranzgrenz op 6 km rop goen. Dat sinn 3 km technesch Toleranz an 3km VerwaltungsToleranz. Am Géigenzuch sollen awer d'Strofen an d'Luucht goen bei esou engem Verstouss.

Fir déi éischt 4km iwwert déi dann "toleréiert" soll et 50EUR kaschten ( ab 56, 76, 96 ).

Fir Verstéiss ab 10km soll et 75EUR kaschten + 1 Punkt bei de Schoulen.

15km "ze schnell" sinn vill bei enger Schoul; dofir sinn 49EUR net genuch.

Fir Verstéiss ab 20km soll et 150EUR kaschten; ab 30km soll et 200EUR sinn.

Fir Verstéiss déi méi grouss sinn wéi 40km soll et 500EUR kaschten.

E Recidive innerhalb vun 3 Méint soll jeeweils dat duebelt kaschten.

Ab 60km doriwwer soll d'Geriicht entscheeden.

D'Ofstellen (Stationnéieren) / d'Unhalen um Trottoir bei Schoulen soll 75EUR kaschten; dëst wëll doduerch ëmmer Kanner an Gefor bruecht ginn. Ganz dacks mussen d'Kanner dann op d'Strooss auswäichen.

D'Vitesse bei Schoulen déi un enger (Haapt)-Strooss léien soll automatesch op 30km/h rofgoen tëscht 07:00 Auer Moies an 19:00 Auer Owes. Souwäit se souwéisou net an enger 30er Zone sinn.

E Camions-Iwwerhuelverbuet op Autobunnen zu gewëssen Zäiten ass jo méiglech, da misst eng Vitessemodulatioun och méiglech sinn.

Bei der Schoul / Gemeng zu Wëntger soll tëscht 07:00 Auer Moies an 19:00 Auer Owes en 50km gëllen. Och wann d'Schoul wäit weg ass, kann sech ëmmer e Kand dohi verlafen. Distanz vun den UertsTafelen mam "50" zu den éischten Haiser soll vun 100m (max) elo op 50 bis 150m gesat ginn. Domat géifen verschidden Awunner méi geschützt ginn.