Ëffentlech n°791

Petitionnär/in: Gilles Wenner

Fir eng Ënnerstëtzung vum Staat bei der Formatioun zum professionnelle Buschauffeur

Zil vun der Petitioun

Zil vun dëser Petitioun ass et, eng Ënnerstetzung vum Staat ze kreien fir d'Formatioun zum professionelle Buschauffer, sief et a Form vun engem zousätzleche Congé, sief et a finanzieller Form, fir un dëser noutwendeger Formatioun deelzehuelen.

Motivatioun vun der Petitioun

Momentan ass d'Situatioun folgend: Nom bestanene prakteschen Exame fir de. Busführerschäin muss een immens laang waarden, fir ee Rendez-vous ze kréie fir d'Formation continue zum professionelle Chauffer, déi et dann eréischt erlaabt, Persounen ze transportéieren. Dëse Cours dauert 4 Wochen a ... méi

ofgelaf  19.06.2017
6 /4.500
0%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
15.09.2017

Deklaratioun vun der Cloture

15.09.2017

D'ëffentlech Petitioun Nr. 791 ass den 15-09-2017 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Pas de poursuite de l'instruction

17.07.2017

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

12.07.2017

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 6

12.07.2017

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 791 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 12-07-2017 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 6

20.06.2017

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 791 z'ënnerschreiwen ass den 20-06-2017 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 6

08.05.2017

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 791 ka vum 08-05-2017 un ënnerschriwwe ginn

04.05.2017

D'ëffentlech Petitioun Nr. 791 gouf den 04-05-2017 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 08-05-2017 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 19-06-2017 um 23h59

03.05.2017

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 03-05-2017 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 791 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

16.03.2017

D'ëffentlech Petitioun Nr. 791 gouf den 16-03-2017 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir eng Ënnerstëtzung vum Staat bei der Formatioun zum professionnelle Buschauffeur

Zil vun der Petitioun: Zil vun dëser Petitioun ass et, eng Ënnerstetzung vum Staat ze kreien fir d'Formatioun zum professionelle Buschauffer, sief et a Form vun engem zousätzleche Congé, sief et a finanzieller Form, fir un dëser noutwendeger Formatioun deelzehuelen.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Momentan ass d'Situatioun folgend: Nom bestanene prakteschen Exame fir de. Busführerschäin muss een immens laang waarden, fir ee Rendez-vous ze kréie fir d'Formation continue zum professionelle Chauffer, déi et dann eréischt erlaabt, Persounen ze transportéieren. Dëse Cours dauert 4 Wochen a fënnt zu Suessem statt. Fir um Cours kennen deelzehuelen, sinn déi Leit, déi beruffstäteg si forcéiert, 4 Woche Congé ordinaire ze huelen, woubäi mer nëmme 5 Wochen an engem Jor zegutt hunn, oder 4 Woche Congé sans solde ze huelen. Keng vun deenen 2 Méiglechkeeten ass ubruecht. Et wier wenschenswäert, dass een an dem Fall, wou ee 4 Woche Congé sans solde huet, finanziell Ënennerstëtzung vum Staat kritt, well et huet ee jo schliisslech och selwer Onkäschten ze droen, wéi zum Beispill en Haus ze bezuelen, Rechnungen, Iessen an Drénken, an den Deplacement op Suessem, deen a ville Fäll net mam ëffentlechen Transport méiglech ass. Eng Art Congé de formation fir de ganzen Zäitraum ofzedecke wier net verkéiert.