Wëllkomm um Petitiounssite

D’Petitioune vun der Chamber

All Persoun huet d’Recht mat enger Petitioun Uleiessen un d’Chamber erun ze droen.
Et gëtt zwou Zorte Petitiounen: ëffentlech PetitiounenGeet an engem neie Tab op an einfach PetitiounenGeet an engem neie Tab op.

Zousätzlech Informatiounen Geet an engem neie Tab op

Iwwerbléck iwwer d’ëffentlech Petitiounen, déi den Ament ënnerschriwwe kënne ginn

Ëffentlech Petitioun

4304

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf 13/10/2026

ZIL : Aféierung vun engem Gesetz, dat d'Patronen zu Lëtzebuerg dozou verflicht, fir all obligatoresch Sproochufuerderung an enger Aarbechtsannonce eng kloer, konkret an objektiv Begrënnung unzeginn. Dëst Gesetz soll déi follgend Flichte festleeën: Begrënnung am Zesummenhang mat der Aarbechtsplaz: All obligatoresch Sproochufuerderung muss duerch konkret berufflech Aufgaben, wéi d'Kommunikatioun mat Clienten, Aarbechtskolleegen, ëffentlechen Autoritéiten oder anere Gespréichspartner, begrënnt ginn. Verhältnisméisseg Sproochniveauen: D'Patrone mussen net nëmmen déi gefuerdert Sprooch, mee och de verlaangte Kompetenzniveau begrënnen. Dobäi soll de Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (GER) benotzt ginn. Ënnerscheedung tëscht noutwendegen a wënschenswäerte Kompetenzen: Sproochen, déi nëtzlech, awer net onbedéngt néideg fir d'Ausübung vun der Aarbecht sinn, mussen als wënschenswäert amplaz als obligatoresch bezeechent ginn. Transparent Aarbechtsannoncen: D'Begrënnunge mussen direkt an der Stellbeschreiwung stoen, fir datt d'Kandidate verstinn, firwat déi gefuerdert Sproochkenntnisser néideg sinn. Verhënnerung vun arbiträren Ufuerderungen: D'Sproochufuerderunge musse verhältnisméisseg zu den tatsächlechen Aufgaben a Verantwortunge vun der Aarbechtsplaz sinn a däerfen keng ongerechtfäerdegt Hindernisser beim Zougang zur Aarbecht schafen. Kontroll a Sanktiounen: Déi zoustänneg Autoritéite mussen d'Méiglechkeet hunn, potenziell ongerechtfäerdegt Sproochufuerderungen ze iwwerpréiwen a bei Verstéiss verhältnisméisseg Sanktiounen ze verhänken.

Sammele vun Ënnerschrëften . Schrëtt 2 vun 4

12

Deeg, déi nach bleiwen

Agedroen Ënnerschrëften

58 / 5 500

Ëffentlech Petitioun

4307

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf 16/10/2026

ZIL : Dass d'Chamber vun den Deputéierten eng Resolutioun unhëlt, déi den Zionismus als eng Form vu Rassismus a vu Rassendiskriminatioun unerkennt, mat Bezuch op d'Resolutioun 3379 (XXX) vun der Generalversammlung vun den Vereenten Natiounen vum 10. November 1975.

Sammele vun Ënnerschrëften . Schrëtt 2 vun 4

12

Deeg, déi nach bleiwen

Agedroen Ënnerschrëften

221 / 5 500

Ëffentlech Petitioun

4319

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf 21/10/2026

ZIL : Dës Petitioun fuerdert d'Installatioun vu gratis, propperen a beheizten Toiletten op all Bus-Endhaltestell zu Lëtzebuerg, onofhängeg vum Busbetrib. D'Toilette solle mat enger Méiglechkeet fir d'Hänn mat Waasser a Seef ze wäschen equipéiert sinn an ausschliisslech fir Buschaufferen iwwer hir perséinlech Kaart zougänglech sinn. D'Zil ass et, de Buschaufferen onofhängeg vun hirem Employeur, hirer Linn oder hirer Schicht Zougang zu elementare sanitären Ariichtungen ze garantéieren. Dofir sollen déi zoustänneg Autoritéiten eng verbindlech Reegelung aféieren, déi d'Installatioun, d'Reegelméissegkeet vun der Botz an den Ënnerhalt vun dësen Toiletten assuréiert.

Sammele vun Ënnerschrëften . Schrëtt 2 vun 4

32

Deeg, déi nach bleiwen

Agedroen Ënnerschrëften

362 / 5 500

Aktuell ëffentlech Debatten

14.01.2027 - 10h00

Ëffentlech Petitioun Nr.4103

Pour un plan d'urgence luxembourgeois sur la ligne ferroviaire Metz-Thionville-Luxembourg

21.10.2026 - 09h00

Ëffentlech Petitioun Nr.4004

Voici les conclusions du débat sur une pétition qui réclame l’obligation d’apprendre le luxembourgeois

10.12.2025 - 09h00

Ëffentlech Petitioun Nr.3757

Une hausse de l’allocation repas devrait faire partie de négociations entre Gouvernement et syndicats