Fir Keefer bei VEFA-Projeten ze schützen (Vente en l'état futur d'achèvement)

Ëffentlech Petitioun Nr.4243

Petitionär: Alejandro Marx

Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel

Zil vun der Petitioun

Dës Petitioun proposéiert eng gesetzlech Reegelung, déi Immobiliepromoteure verflicht, op ee vereedegten Expert zeréckzegräifen an dësen och ze bezuelen, fir an all Etapp vum Baufortschrëtt d'Aarbechten ze kontrolléieren an d'Fräigi vum Bezuele vun de jeeweilegen Tranche duerch d'Keefer ze autoriséieren. Doduerch gëtt e Kader geschaf, deen d'Keefer bei engem VEFA-Kaf schützt.

Motivatioun vun der Petitioun

Immobiliepromoteure loossen d'Keefer VEFA-Verträg ënnerschreiwen, bei deenen d'Bezuele vun den Tranche geschitt, éier de Bau ofgeschloss ass. Zënter der Kris am Immobiliebausecteur huet dëst fir vill Stéit zu engem richtegen Albdram geféiert. Si hunn sech verschëlt, fir sech eng Wunneng ze leeschten, stinn awer no Faillitten, deelweis och mëssbräichleche Faillitten vun de betraffene Promoteuren ouni Hëllef do. An e puer Fäll hu sech d'Tranche, déi am Viraus bezuelt goufen, scho beim notariellen Akt als net gesetzeskonform erausgestallt. An esou Fäll deckt d'Fäerdegstellungs-Garantie dës Tranche net of, well si keng Versécherung géint Bedruch ass. D'Keefer mussen dës Tranche dann nach eng Kéier bezuelen. Et gëtt doduerch bal onméiglech, Wunnenge fäerdeg ze bauen, déi mëttlerweil vill méi deier gi sinn, wéi am urspréngleche Vertrag virgesinn. D'Keefer mussen d'Banken dovun iwwerzeegen, hinnen en zousätzleche Prêt ze ginn, fir de Chantier fäerdegzestellen, obwuel si gläichzäiteg nach Loyere fir eng aner Wunneng bezuele mussen. A wann si d'Chance hunn, eng fäerdeg Wunneng ze kréien, entsprécht dës dacks net der Qualitéit, déi am Vertrag virgesi war. Wärend dëser Zäit ass et dacks net méiglech, eng Famill ze grënnen. Eng nei Gesetzgebung géif et erlaben, d'Vertrauen an de VEFA-Kaf erëm hierzestellen an domat och zu engem Neistart vum Bausecteur bäizedroen.

Wichteg Informatiounen

Sammele vun Ënnerschrëften

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf

04/09/2026

Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung

24/09/2026

Zousätzlech Informatiounen

D’Sammele vun Ënnerschrëfte leeft

De Seuil vu 5500 entsprécht der Zuel vun Ënnerschrëften, déi néideg sinn fir dass et en ëffentlechen Debat gëtt

Gespäichert Ënnerschrëften

112 / 5 500

Petitioun deelen