Flichte fir Persounen, déi staatlech Sozialleeschtunge kréien ( Chomage, Revis,..) - D’Petitiounen
Flichte fir Persounen, déi staatlech Sozialleeschtunge kréien ( Chomage, Revis,..)
Ëffentlech Petitioun Nr.4177
Petitionär: Kevin Krier
Zil vun der Petitioun
Mir fuerderen, datt all Persoun, déi zu Lëtzebuerg Chômage, REVIS oder eng aner laangfristeg staatlech Sozialleeschtung kritt an déi kierperlech a geeschteg fäeg ass ze schaffen, verflicht gëtt, duerch eng nëtzlech Aktivitéit e Bäitrag fir d'Gesellschaft ze leeschten.
Motivatioun vun der Petitioun
Begrënnung D'Sozialhëllef ass e wichtegt Sécherheetsnetz fir Mënschen, déi a Schwieregkeete sinn. Gläichzäiteg si mir der Meenung, datt all Persoun, déi fäeg ass ze schaffen, och eng Verantwortung vis-à-vis vun der Gesellschaft huet. Dofir schloe mir vir, datt Persounen, déi laangfristeg staatlech Ënnerstëtzung kréien, e puer Stonnen den Dag oder an der Woch eng Aufgab am Déngscht vun der Allgemengheet iwwerhuelen. Dat kéint zum Beispill sinn: Botz vun ëffentleche Plazen. Ënnerhalt vu Parken a Gréngflächen. Hëllef bei Gemengenaarbechten. Ënnerstëtzung vu Veräiner oder sozialen Organisatiounen. Matwierken un Ëmwelt- a Gemeinschaftsprojeten. Dës Aktivitéite sollen un d'Gesondheet, d'Fäegkeeten an d'perséinlech Situatioun vun de Betraffenen ugepasst ginn. Persounen, déi aus medezinesche Grënn oder wéinst enger Behënnerung net kënne matmaachen, sollen dovun ausgeholl ginn. Mir sinn der Meenung, datt dëse System: d'Verantwortungsgefill stäerkt, d'sozial Integratioun verbessert, den Alldagsrhythmus erhält, de Gemengen hëlleft, an e faire Gläichgewiicht tëscht Rechter a Flichte schaaft. Mir fuerderen d'Regierung an d'Chamber vun den Deputéierten op, e Gesetz auszeschaffen, dat esou eng Verpflichtung op eng gerecht, transparent a mënschewierdeg Aart a Weis aféiert.
Wichteg Informatiounen
Sammele vun Ënnerschrëften
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
09/07/2026
Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung
22/09/2026
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
Signatairë vun der Petitioun
22/09/2026
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 4177 ka vum 22-09-2026 un ënnerschriwwe ginn
16/09/2026
D'ëffentlech Petitioun Nr. 4177 gouf den 16-09-2026 vun der Petitiounskommissioun als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 22-09-2026 um 0h00 Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 02-11-2026 um 23h59
D’Sammele vun Ënnerschrëfte leeft
De Seuil vu 5500 entsprécht der Zuel vun Ënnerschrëften, déi néideg sinn fir dass et en ëffentlechen Debat gëtt
Gespäichert Ënnerschrëften
1 / 5 500