Erliichterung vun de Reglementatiounen am Bezuch op de Contrôle technique

Ëffentlech Petitioun Nr.3608

Petitionär: Alex Wagner

Objet vun der Petitioun

Dës Petitioun fuerdert d'Vereinfachung an d'Moderniséierung vum TÜV-Reglement zu Lëtzebuerg. Konkret fuerdere mir eng Upassung vun den Inspektiounsintervallen, méi flexibel Handhabung vun Enzelofnahmen an allgemeng fir sachen anzedroen. Kuerzgefaast also eng Revisioun vun den aktuelle Reglementer betreffend Tuning an TÜV

Motivatioun vun der Petitioun

Déi aktuell TÜV-Reglementer zu Lëtzebuerg sinn dacks ze strikt a bürokratesch, wat fir de Besëtzer vun de Gefierer onnéideg Käschten an Effort bréngt. Soumat gëtt engem schnell de Spaass geholl well et direkt vill ze déif an d`täsch geet. Vill kleng Mängel, déi keng direkt Gefor duerstellen, féieren zu Net-Zoustëmmung oder deier Eenzeloofnahmen, genau sou wei mat "Tuning" deeler wou oft d`Gefohr falsch ageschätzt gett.Bei D'Upassung vun de Reegele kéinten d`besëtzer profitéieren, natierlech mat berecksichtegung op Ëmwelt an de Recht vun der Populatioun. Desweideren keint een mei Biergerfrendlech Richtlinnen ausschaffen.

D’Sammele vun Ënnerschrëfte leeft

De Seuil vu 4500 entsprécht der Zuel vun Ënnerschrëften, déi néideg sinn fir dass et en ëffentlechen Debat gëtt

Gespäichert Ënnerschrëften

29 / 4 500

Petitioun deelen

Wichteg Informatiounen

Sammele vun Ënnerschrëften

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf

09/03/2025

Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung

05/06/2025

Zousätzlech Informatiounen