STOP den Verkaf vu Pelz zu Lëtzebuerg - D’Petitiounen
STOP den Verkaf vu Pelz zu Lëtzebuerg
Ëffentlech Petitioun Nr.605
Petitionär: Yves Stocklausen
Objet vun der Petitioun
Pelzmaentel, Jacketten a Mutzen sinn a läschter Zäit rëm in zu Lëtzebuerg an och aneschtwou. Pelz droe bedeit onendlecht Leed fir Milliounen vun Déieren, déi ënnert grausamste Konditiounen gehale ginn a meeschtens ouni iergend eng Betäubung de Pelz iwwert d'Oueren gezu kréien. An eiser haitegger Zäit, wou mir all ""opgeklärt"" sinn, ass dat total onverantwortlech. Och wa Lëtzebuerg nëmmen eng kleng Roll um gesamte Marché spillt, kënne mir eng Virreiderroll iwwerhuelen, mat guddem Beispill virgoen an sou vläicht e Pelzverkafsverbuet an der ganzer EU erwierken. E puer ""facts"" zur Pelzproduktioun: D'Déieren gi meeschtens duerch analen oder genitalen Elektroschock ëmbruecht, wat eng grausam Déidungsmethod ass. Ca. eng Milliard Kannéngercher gi Joer fir Joer just geziicht fir Pelzprodukter. China ass weltwäit de gréisste Pelzexporteur, a wéi mir all wëssen, gëttt et do mol net en Usaz vun Déiererechter. 2011 goufen weltwäit 54 Milliounen Nerze vergaast oder erschloen. Dobäi ass Daenemark un der Spëtzt mat 15 Milliounen Déieren. A China ginn all Joer méi wéi 2 Millioune Kazen an Hënn op grausamst Art a Weis erschloen an mësshandelt, fir mam Pelz Suen ze maachen. Vill Déieren gi souguer vu Privatleit geklaut. DNA Tester hu zudem gewisen, datt souguer echte Pelz als falschen déclaréiert an sou verkaf gouf. Hei muss och eng besser Kontroll stattfannen. Ofgesi vun den Déieren leiden och vill Mënschen ënner der Pelzproduktioun, sief et doduerch datt déi Gëftstoffer wéi Formaldehyd, Chrom, Aluminiumsalzer oder Schwiefelsaier als Ofwaasser an d'Grondwaasser gelaangen oder doduerch, datt och an der Pelzindustrie Kanneraarbecht ze fannen ass an am allegmengen d'Leit an den Fabriken ausgebeut ginn. Pelz droen ass einfach nët méi zäitgeméiss an den Verkaf muss verbuede ginn.
Motivatioun vun der Petitioun

Ëffentlechen Debat
Wichteg Informatiounen
Petitioun, déi Theema vun engem ëffentlechen Debat ass
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
03/02/2016
Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung
09/02/2016
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
Signatairë vun der Petitioun
08/05/2017
D'ëffentlech Petitioun Nr. 605 gouf den 08-05-2017 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: STOP den Verkaf vu Pelz zu Lëtzebuerg Zil vun der Petitioun: De Verkaf vun Pelz Produit'en wéi Jacketten, Mutzen mat Pelzbommelen etc. zu Lëtzebuerg ze verbidden, well déi Grausamkeeten einfach net méi ze toleréiere sinn. Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Pelzmaentel, Jacketten a Mutzen sinn a läschter Zäit rëm in zu Lëtzebuerg an och aneschtwou. Pelz droe bedeit onendlecht Leed fir Milliounen vun Déieren, déi ënnert grausamste Konditiounen gehale ginn a meeschtens ouni iergend eng Betäubung de Pelz iwwert d'Oueren gezu kréien. An eiser haitegger Zäit, wou mir all "opgeklärt" sinn, ass dat total onverantwortlech. Och wa Lëtzebuerg nëmmen eng kleng Roll um gesamte Marché spillt, kënne mir eng Virreiderroll iwwerhuelen, mat guddem Beispill virgoen an sou vläicht e Pelzverkafsverbuet an der ganzer EU erwierken. E puer "facts" zur Pelzproduktioun: D'Déieren gi meeschtens duerch analen oder genitalen Elektroschock ëmbruecht, wat eng grausam Déidungsmethod ass. Ca. eng Milliard Kannéngercher gi Joer fir Joer just geziicht fir Pelzprodukter. China ass weltwäit de gréisste Pelzexporteur, a wéi mir all wëssen, gëttt et do mol net en Usaz vun Déiererechter. 2011 goufen weltwäit 54 Milliounen Nerze vergaast oder erschloen. Dobäi ass Daenemark un der Spëtzt mat 15 Milliounen Déieren. A China ginn all Joer méi wéi 2 Millioune Kazen an Hënn op grausamst Art a Weis erschloen an mësshandelt, fir mam Pelz Suen ze maachen. Vill Déieren gi souguer vu Privatleit geklaut. DNA Tester hu zudem gewisen, datt souguer echte Pelz als falschen déclaréiert an sou verkaf gouf. Hei muss och eng besser Kontroll stattfannen. Ofgesi vun den Déieren leiden och vill Mënschen ënner der Pelzproduktioun, sief et doduerch datt déi Gëftstoffer wéi Formaldehyd, Chrom, Aluminiumsalzer oder Schwiefelsaier als Ofwaasser an d'Grondwaasser gelaangen oder doduerch, datt och an der Pelzindustrie Kanneraarbecht ze fannen ass an am allegmengen d'Leit an den Fabriken ausgebeut ginn. Pelz droen ass einfach nët méi zäitgeméiss an den Verkaf muss verbuede ginn.
26/04/2017
Lettre au Président de la Commission des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et de l'Immigration
17/02/2017
Demarchë vun der Regierung am Kader vun der Instruktioun vun der Petitioun
Démarches entreprises par le Gouvernement dans le cadre de l'instruction de la pétition
24/11/2016
E Meenungsaustausch war den 24-11-2016 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 605
Procès-verbaux vun de Reuniounen
20/06/2016
En ëffentlechen Debat an der Kommissioun war den 20-06-2016 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 605
Procès-verbaux vun de Reuniounen
19/06/2016
4.911 signatures validées
21/04/2016
Invitatioun fir den ëffentlechen Debat
13/04/2016
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 605 huet den 13-04-2016 de Seuil vu 4500 Ënnerschrëften erreecht
23/03/2016
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 605 z'ënnerschreiwen ass den 23-03-2016 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 5018
23/03/2016
Validéiert Ënnerschrëften op Pabeier : 43
09/02/2016
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 605 ka vum 09-02-2016 un ënnerschriwwe ginn
08/02/2016
D'ëffentlech Petitioun Nr. 605 gouf den 08-02-2016 vun der Petitiounskommissioun als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 09-02-2016 um 0h00 Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 22-03-2016 um 23h59
04/02/2016
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 04-02-2016 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 605 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
03/02/2016
D'ëffentlech Petitioun Nr. 605 gouf den 03-02-2016 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: STOP den Verkaf vu Pelz zu Lëtzebuerg Zil vun der Petitioun: De Verkaf vun Pelz Produit'en wéi Jacketten, Mutzen mat Pelzbommelen etc. zu Lëtzebuerg ze verbidden, well déi Grausamkeeten einfach net méi ze toleréiere sinn. Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Pelzmaentel, Jacketten a Mutzen sinn a läschter Zäit rëm in zu Lëtzebuerg an och aneschtwou. Pelz droe bedeit onendlecht Leed fir Milliounen vun Déieren, déi ënnert grausamste Konditiounen gehale ginn a meeschtens ouni iergend eng Betäubung de Pelz iwwert d'Oueren gezu kréien. An eiser haitegger Zäit, wou mir all "opgeklärt" sinn, ass dat total onverantwortlech. Och wa Lëtzebuerg nëmmen eng kleng Roll um gesamte Marché spillt, kënne mir eng Virreiderroll iwwerhuelen, mat guddem Beispill virgoen an sou vläicht e Pelzverkafsverbuet an der ganzer EU erwierken. E puer "facts" zur Pelzproduktioun: D'Déieren gi meeschtens duerch analen oder genitalen Elektroschock ëmbruecht, wat eng grausam Déidungsmethod ass. Ca. eng Milliard Kannéngercher gi Joer fir Joer just geziicht fir Pelzprodukter. China ass weltwäit de gréisste Pelzexporteur, a wéi mir all wëssen, gëttt et do mol net en Usaz vun Déiererechter. 2011 goufen weltwäit 54 Milliounen Nerze vergaast oder erschloen. Dobäi ass Daenemark un der Spëtzt mat 15 Milliounen Déieren. A China ginn all Joer méi wéi 2 Millioune Kazen an Hënn op grausamst Art a Weis erschloen an mësshandelt, fir mam Pelz Suen ze maachen. Vill Déieren gi souguer vu Privatleit geklaut. DNA Tester hu zudem gewisen, datt souguer echte Pelz als falschen déclaréiert an sou verkaf gouf. Hei muss och eng besser Kontroll stattfannen. Ofgesi vun den Déieren leiden och vill Mënschen ënner der Pelzproduktioun, sief et doduerch datt déi Gëftstoffer wéi Formaldehyd, Chrom, Aluminiumsalzer oder Schwiefelsaier als Ofwaasser an d'Grondwaasser gelaangen oder doduerch, datt och an der Pelzindustrie Kanneraarbecht ze fannen ass an am allegmengen d'Leit an den Fabriken ausgebeut ginn. Pelz droen ass einfach nët méi zäitgeméiss an den Verkaf muss verbuede ginn.
03/02/2016
Depot
D’Sammele vun Ënnerschrëften ass eriwwer
No der Analys vun de gesammelten Ënnerschrëfte si(nn) 4868 vun den Ënnerschrëfte valabel.
Validéiert Ënnerschrëften
4 911 / 4 500