Remboursement fier Kopfhörer fier Persounen mat verschiddenen Krankheeten - D’Petitiounen
Remboursement fier Kopfhörer fier Persounen mat verschiddenen Krankheeten
Einfach Petitioun Nr.4331
Petitionär: Claire Gutenkauf
Text vun der Petitioun
Bonjour, An dëser Petitioun geet et drëms fier op déi Léit opmierksam ze maachen dei net ouni Kopfhörer kënnen op Strooß goen ouni Panikattaken ze kréien oder aander Episoden. Léit mat PTSD, Angschtstéierungen, Stéierungen vum Hörorgan, oder Hypersensibel Léit, fier nëmmen e puer ze nennen. Ouni Kopfhörer maat staarkem ANC as et deenen Léit baal net méiglech Haus ze verloossen. Déi Kopfhörer mat der beschter Geräuschunterdrückung, léien am Präisberäisch bei iwert 200EUR. Et geet net drëms daat jidereen déi rembourseiert kritt, mee just déi Persounen mat engem Certificat médical an déi noweisen kënnen daat se sech Köphhörer net kënnen leeschten , mee se brauchen. Als Beispill: Eng Persoun dei normalerweis genuch Akomes huet fier sain Brëll ze bezuelen, huet elo eng schwéier OP hannert sech an Rechnungen kommen alleguer mateneen an Haus, déi eenzeg Méiglechkeet déi Persoun gesait fier en neien Brëll ze kréien as bei den Office sociale ze goen fier den Brëll ze kréien. Den nächsten Brëll keeft se sech erëm selwer. Contraire: Eng Persoun déi den Salaire min huet an 1200EUR Loyer muss bezuelen, brengt et net faerdeg sech en Brëll ze kaafen an geet all 3 Joer bei den Office sociale, heinsdo huet en Chance an fënnt en Seconde Hand Brëll. Béi Léit mat verschidden Krankheeten sinn Kopfhörer wei e Brëll, eng medizinesch Noutwendegkeet. an daat déi net vun der Krankekees rembourséiert gett as onverstädlech. Mbg
Wichteg Informatiounen
An der Veraarbechtung . Schrëtt 2 vun 2
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
29/10/2026
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
12/11/2026
Eng Stellungnam zu der Petitioun einfach n°4331 gëtt ugefrot.
Minister(en): Madame Martine Deprez, Ministre de la Santé et de la Sécurité sociale
11/11/2026
D'einfach Petitioun n°4331 gëtt vun der Petitiounskommissioun als recevabel erkläert.
Decisioun: recevabel