Fir d'Verankerung vum Recht op Liewen an der Verfassung

Ëffentlech Petitioun Nr.4251

Petitionär: Irene Montero Corzo

Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel

Zil vun der Petitioun

Den Artikel 12 vun der Verfassung soll folgendermoossen ergänzt ginn: « D'Recht op Liewen an d'Mënschewierd sinn onantastbar. »

Motivatioun vun der Petitioun

D'Recht op Liewen ass dat fundamentalst vun alle Mënscherechter. Et ass d'Viraussetzung fir d'Ausübung vun all deenen anere Rechter. A verschiddenen europäeschen Demokratien, wéi Däitschland, Spuenien, Portugal, Griicheland an Irland, ass dëst Recht ausdrécklech an der Verfassung festgehalen. Lëtzebuerg gehéiert zu deene Staaten, déi d'Recht op Liewen nëmmen indirekt unerkennen, notamment duerch d'Ratifizéierung vun de wichtegen internationale Konventiounen iwwer Mënscherechter a Kannerrechter. Déi ausdrécklech Verankerung vun enger « garantéierter Fräiheet fir ofzedreiwen » an der Verfassung schaaft allerdéngs eng bedeitend Lück, déi et haut onbedéngt ze schléisse gëllt, andeems d'Recht op Liewen och an der Verfassung verankert gëtt. Dat ass ëmsou méi wichteg, well déi genannten international Konventiounen an dësem Kontext net berécksiichtegt goufen. Kann et an dësem neie Kontext nach als konsequent ugesi ginn, datt de Schutz vun der Ëmwelt an den Déieren duerch d'Verfassungsrevisioun vun 2023 op Verfassungsrang erhuewe gouf, ouni de Schutz vum Mënsch gläichermoossen an ausdrécklech ze verankeren? Et ass dofir haut méi wichteg wéi jee, op déi universell Bedeitung an den inklusive Charakter vum Recht vun all Mënsch op Liewen hinzeweisen. Dat steet och am Aklang mam Artikel 12 vun der Verfassung, dee festleet, datt « d'Mënschewierd onantastbar ass ». D'Recht op Liewen muss fir all Mënsch gëllen, onofhängeg vu sengem Geschlecht, senger Hierkonft, senger Liewensweis, senger wirtschaftlecher Situatioun, sengem Glawen, senge politeschen oder anere Meenungen, sengem mentalen oder kierperleche Gesondheetszoustand oder senger Entwécklungsphas, also sengem Alter. Et implizéiert de Schutz vum mënschleche Liewen vum Ufank bis zum natierlechen Enn, mat besonnescher Opmierksamkeet fir déi Schwaachsten an déi Verletzlechsten. Doraus ergëtt sech och d'Verantwortung vun de politesch Verantwortlechen, sech fir de Fridden am Allgemengen an d'Sécherheet vun all Mënsch am Besonneschen anzesetzen. Dës Verantwortung muss enk mat dem Schutz vum mënschleche Liewen verbonne bleiwen. Si kënnt och an der Ofschafung vun der Doudesstrof zum Ausdrock, déi ebenfalls an der Verfassung verankert ass. An dësem Zesummenhang soll drun erënnert ginn, datt d'Deklaratioun iwwer d'Rechter vum Kand d'Noutwendegkeet vun engem juristesche Schutz « virun an no der Gebuert » ënnersträicht. Och d'Gesetz vum 15. November 1978, dat 2012, 2014 an 2025 geännert gouf, schreift nach ëmmer a sengem éischten Artikel « de Respekt virun all Mënsch vum Ufank vum Liewen un » vir. Virun dësem Hannergrond ass et schwéier ze verstoen, datt d'Ofbrieche vum Liewe vun engem nach net gebuerene Mënsch um héchsten Niveau vun der Rechtsuerdnung als « Fräiheet » unerkannt gëtt, wärend de Schutz vun deem Liewen net dee selwechte Verfassungsrang huet. Zu dësem Schutz gehéiert och d'Recht vun der Fra, net ënner Drock gesat an zu enger Ofdreiwung gedrängt ze ginn. Och um symboleschen Niveau géif eng Verfassung, déi iwwer de fundamentale Wäert vum mënschleche Liewen näischt seet, gläichzäiteg awer d'Fräiheet oder d'Recht unerkennt, dëst Liewen ze suppriméieren, hir eege Kohärenz verléieren. Dat géif och d'Bedeitung vum Artikel 12 a Fro stellen, dee festhält, datt « d'Mënschewierd onantastbar ass ». En demokratesche Rechtsstaat sollt keen institutionellen an etheschen Desequiliber schafen, bei deem de Schutz vun anere wichtege Wäerter verfassungsrechtlech garantéiert ass, de Schutz vum mënschleche Liewen dogéint net mat där selwechter Kloerheet verankert gëtt. Dës Petitioun fuerdert dofir, datt d'Recht op Liewen ausdrécklech an der Verfassung festgeschriwwe gëtt, fir ze bestätegen, datt d'Wäertschätzung an de Schutz vum mënschleche Liewen zu de fundamentale Prinzipie vun eisem demokratesche Rechtsstaat gehéieren.

Wichteg Informatiounen

Sammele vun Ënnerschrëften

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf

15/09/2026

Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung

24/09/2026

Zousätzlech Informatiounen

D’Sammele vun Ënnerschrëfte leeft

De Seuil vu 5500 entsprécht der Zuel vun Ënnerschrëften, déi néideg sinn fir dass et en ëffentlechen Debat gëtt

Gespäichert Ënnerschrëften

77 / 5 500

Petitioun deelen