Fir Keefer bei VEFA-Projeten ze schützen (Vente en l'état futur d'achèvement) - D’Petitiounen
Fir Keefer bei VEFA-Projeten ze schützen (Vente en l'état futur d'achèvement)
Ëffentlech Petitioun Nr.4243
Petitionär: Alejandro Marx
Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel
Zil vun der Petitioun
Dës Petitioun proposéiert eng gesetzlech Reegelung, déi Immobiliepromoteure verflicht, op ee vereedegten Expert zeréckzegräifen an dësen och ze bezuelen, fir an all Etapp vum Baufortschrëtt d'Aarbechten ze kontrolléieren an d'Fräigi vum Bezuele vun de jeeweilegen Tranche duerch d'Keefer ze autoriséieren. Doduerch gëtt e Kader geschaf, deen d'Keefer bei engem VEFA-Kaf schützt.
Motivatioun vun der Petitioun
Immobiliepromoteure loossen d'Keefer VEFA-Verträg ënnerschreiwen, bei deenen d'Bezuele vun den Tranche geschitt, éier de Bau ofgeschloss ass. Zënter der Kris am Immobiliebausecteur huet dëst fir vill Stéit zu engem richtegen Albdram geféiert. Si hunn sech verschëlt, fir sech eng Wunneng ze leeschten, stinn awer no Faillitten, deelweis och mëssbräichleche Faillitten vun de betraffene Promoteuren ouni Hëllef do. An e puer Fäll hu sech d'Tranche, déi am Viraus bezuelt goufen, scho beim notariellen Akt als net gesetzeskonform erausgestallt. An esou Fäll deckt d'Fäerdegstellungs-Garantie dës Tranche net of, well si keng Versécherung géint Bedruch ass. D'Keefer mussen dës Tranche dann nach eng Kéier bezuelen. Et gëtt doduerch bal onméiglech, Wunnenge fäerdeg ze bauen, déi mëttlerweil vill méi deier gi sinn, wéi am urspréngleche Vertrag virgesinn. D'Keefer mussen d'Banken dovun iwwerzeegen, hinnen en zousätzleche Prêt ze ginn, fir de Chantier fäerdegzestellen, obwuel si gläichzäiteg nach Loyere fir eng aner Wunneng bezuele mussen. A wann si d'Chance hunn, eng fäerdeg Wunneng ze kréien, entsprécht dës dacks net der Qualitéit, déi am Vertrag virgesi war. Wärend dëser Zäit ass et dacks net méiglech, eng Famill ze grënnen. Eng nei Gesetzgebung géif et erlaben, d'Vertrauen an de VEFA-Kaf erëm hierzestellen an domat och zu engem Neistart vum Bausecteur bäizedroen.
Wichteg Informatiounen
Sammele vun Ënnerschrëften
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
04/09/2026
Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung
24/09/2026
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
Signatairë vun der Petitioun
24/09/2026
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 4243 ka vum 24-09-2026 un ënnerschriwwe ginn
23/09/2026
D'ëffentlech Petitioun Nr. 4243 gouf den 23-09-2026 vun der Petitiounskommissioun als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 24-09-2026 um 0h00 Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 04-11-2026 um 23h59
D’Sammele vun Ënnerschrëfte leeft
De Seuil vu 5500 entsprécht der Zuel vun Ënnerschrëften, déi néideg sinn fir dass et en ëffentlechen Debat gëtt
Gespäichert Ënnerschrëften
101 / 5 500