Den nationale Noutstand am Logement ausruffen - D’Petitiounen
Den nationale Noutstand am Logement ausruffen
Ëffentlech Petitioun Nr.4132
Petitionär: Olivier Cano
Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel
Zil vun der Petitioun
Dës Petitioun soll d'Regierung an d'Chamber dozou opfuerderen, den nationale Noutstand am Logement auszeruffen an all néideg finanziell a mënschlech Mëttel an d'Weeër ze leeden, fir sécherzestellen, datt strukturell Moossnamen nach virum Enn vum Joer 2027 a Kraaft trieden. Zu dëse strukturelle Moossname kéinten ënner anerem gehéieren: - En nationale Register fir Gebaier a Wunnenge; - Eng Reform an eng effektiv Ëmsetzung vum Loyersdeckel, verbonne mat engem Recht op Réckbezuelung fir de Locataire, falls de gesetzleche Maximum iwwerschratt gouf; - Eng national Steier op eidelstoend Wunnengen an eng national Mobiliséierungsstéier vun Terrainen; - All Joer 1 % vum BIP an d'Schafung oder den Opkaf vu bezuelbare Wunnengen investéieren; - E obligatoresche Minimum fir all Gemeng, fir bis d'Joer 2035 op d'mannst 20 % bezuelbar Wunnengen an hirem Immobiliëpark unzebidden; - D'Garantie vun enger minimaler Dicht bei Projete vun ëffentleche Promoteuren (SNHBM, Fonds du Logement); - D'Schafung vun enger Partnerschaft tëscht dem ëffentlechen an dem private Secteur (PPP) tëscht dem Staat an de Sozialpartner, finanzéiert duerch d'Beiträg vun de Patronen an den Salariéen, mam Zil, bezuelbare Wunraum ze bauen; - Eng Prozedur, déi d'Gemengen ermächtegt, Immobilien a baubar Parzellen, déi offensichtlech vernoléissegt sinn an net méi ënnerhale ginn an hiren besetz ze huelen.
Motivatioun vun der Petitioun
An senger Ried zur Lag vun der Natioun am Joer 2002 hat de Premierminister Jean-Claude Juncker deklaréiert: « Et muss elo an direkt ee Ruck duerch de Wunnéngsmaart goen ». Méi wéi 20 Joer duerno ass de Constat onwidderrufeleg: D'Wunnengskris ass eng Dauer-Kris ginn, déi vill Matbierger, a besonnesch déi Jonk, dorunner hënnert, zu Lëtzebuerg ze schaffen an ze liewen. Bal 10 % vun de Stéit ginn haut méi wéi 40 % vun hirem disponiblen Akommes just fir d'Wunnen aus. D'Moossnamen, déi strukturell néideg wieren, sinn awer bis haut ëmmer nach net a Kraaft. D'Steier op eidelstoend Wunnenge gëtt eréischt 2030 effektiv, obwuel d'Land - Schätzungen no - eleng an der Haaptstad ronn 20.000 eidel Wunnengen zielt. De Gesetzesprojet iwwer den nationale Register fir Gebaier a Wunnenge soll eréischt am Hierscht 2028 gestëmmt ginn. Eng Reform vum Deckele vun de Loyeren steet net um Ordre du jour, an d'Dicht bei de Projeten vu bezuelbare Wunnengen ass ëmmer nach net héich genuch. Och wann dës Reforme komplex sinn an e grousse Effort vun de staatlechen a kommunale Servicer verlaangen, ass d'Ëmsetzung dacks just eng Fro vun de Ressourcen, déi dëser Problematik zougewisen ginn. D'Land kann net méi laang waarden an braucht direkt effektiv Moossnamen. Den nationale Noutstand am Logement auszeruffen géif bedeiten, datt d'Regierung an d'Chamber unerkennen, datt d'Fortschrëtter bis elo net séier genuch gaangen sinn. De Staat an seng Servicer kéinten doropshin decidéieren, all néideg mënschlech a finanziell Ressourcen ze mobiliséieren, fir d'Ausschaffe vun dëse Reformen ze beschleunegen an hir Wierksamkeet an den nächste Méint ze garantéieren. Esou eng Deklaratioun géif och mat sech bréngen, datt de Logement als eng iwwergräifend, transversal Prioritéit vun der ganzer Regierung behandelt gëtt. Wann de Logement als nationalen Noutstand unerkannt gëtt, kann d'Léisung net eleng beim Logementsministère leien. All d'Ministèren, Verwaltungen an ëffentlech Akteuren missten am Kader vun hire Kompetenzen dozou bäidroen, dëst prioritärt Zil ze erreechen. En nationale Noutstand verlaangt eng koordinéiert Mobiliséierung vum ganze Staat, fir d'Ëmsetzung vun de néidege Reformen ze beschleunegen an der Gréisst vun dëser Kris gerecht ze ginn.
Wichteg Informatiounen
Recevabel
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
04/06/2026
Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung
25/06/2026
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
24/06/2026
D'ëffentlech Petitioun Nr. 4132 gouf den 24-06-2026 vun der Petitiounskommissioun als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 25-06-2026 um 0h00 Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 05-08-2026 um 23h59
Recevabel
De Seuil vu 5500 entsprécht der Zuel vun Ënnerschrëften, déi néideg sinn fir dass et en ëffentlechen Debat gëtt
Gespäichert Ënnerschrëften
0 / 5 500