Keen Afréiere vum Traitement vum Fonctionnaire am service à temps partiel pour raisons de santé.

Ëffentlech Petitioun Nr.3888

Petitionär: Jeff Frisch

Objet vun der Petitioun

Dës Petitioun freet datt all Fonctionnaire, deen aus gesondheetleche Grënn net Vollzäit ka schaffen (z.B. opgrond vun enger psychescher Erkrankung, Kriibs, ...), am Fall vun engem avancement en grade oder en échelon, den neien Traitement genee sou zegutt huet wéi e Fonctionnaire dee Vollzäit schafft.

Motivatioun vun der Petitioun

Aktuell gesäit den Artikel 34 vum Loi modifiée du 25 mars 2015 fixant le régime des traitements et les conditions et modalités d'avancement des fonctionnaires de l'Etat e.a. vir, datt den Traitement vum leschte Mount geholl gëtt, wou ee Vollzäit geschafft huet. Op där Basis gëtt den neien Traitement festgehal (Salaire vun der Deelzäit plus Kompensatioun). Dësen Traitement bleift awer soulaang onverännert (bis op den Index), bis de Fonctionnaire nees Vollzäit schafft, och wann en am Grad oder am Echelon klëmmt. Dëst stellt eng Ongerechtegkeet duer. Firwat duerfen déi Fonctionnairen am service à temps partiel pour raisons de santé net genee sou am Traitement klamme wéi hir aner Kolleegen, déi Vollzäit schaffen? Mat dëser Petitioun gëtt gefuerdert, den Artikel 34 vum betraffenen Gesetz sou emzeänneren, datt den Traitement net méi agefruer gëtt. Am Fall vun engem avancement en grade oder en échelon soll d'Kompensatioun vun der Deelzäit klammen: zu deem Montant, datt den neien Traitement dem normalen Traitement a Vollzäit entspriecht.

D’Sammele vun Ënnerschrëfte leeft

De Seuil vu 5500 entsprécht der Zuel vun Ënnerschrëften, déi néideg sinn fir dass et en ëffentlechen Debat gëtt

Gespäichert Ënnerschrëften

1 / 5 500

Petitioun deelen

Wichteg Informatiounen

Sammele vun Ënnerschrëften

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf

28/11/2025

Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung

13/12/2025

Zousätzlech Informatiounen