Petitioun fir d'Installatioun vun engem Streckenradar tëscht Feelen an der Fuussekaul - D’Petitiounen
Petitioun fir d'Installatioun vun engem Streckenradar tëscht Feelen an der Fuussekaul
Ëffentlech Petitioun Nr.3797
Petitionär: Mafalda Teixeira Martins
Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel
Objet vun der Petitioun
Dës Petitioun fuerdert d'Installatioun vun engem Streckenradar op dësem Stroossestéck. Dëse Streckenofschnëtt gëtt ze dacks mat ze héijer Vitess befuer, wat eng akut Gefor fir d'Sécherheet vun allen Usageren duerstellt. Am Géigesaz zu engem fixe Radar, deen nëmmen op engem Punkt moosst, iwwerpréift de Streckenradar d'Moyennevitess iwwer déi ganz Streck. Dat garantéiert e konsequente Respekt vun de Vitesselimiten a verhënnert, datt Chaufferen nëmmen op engem klengen Deel ofbremsen. Mir si fest dovunner iwwerzeegt, datt esou eng Moossnam géif bäidroen zu: • enger wesentlecher Reduktioun vun den Iwwerschreidunge vun der Vitess, • méi Sécherheet fir Chaufferen, Foussgänger a Vëlosfuerer, • an am Endeffekt Liewen ze retten. Mir ruffen dofir d'Autoritéiten op, séier ze handelen an en Streckenradar tëscht Feelen an der Fuussekaul z'installéieren.
Motivatioun vun der Petitioun
D'Ufro fir en Streckenradar tëscht Feelen an der Fuussekaul ze installéieren, entsprécht kloer dem allgemengen Interessi. Dëse Stroossenofschnëtt gëtt all Dag vu ville Benotzer (Awunner, Arbeschter, Fraizaitfuerer, Frontaliers, etc.) befuer: Automobilisten, ëffentlechen Transport, Vëlosfuerer a Foussgänger. Dacks ginn d'Vitesselimiten op dëser Plaz iwwerschratt, wat eng permanent Gefor fir d'Verkéierssécherheet duerstellt (6 Doudeger an de leschte 5 Joer). E Streckenradar huet net nëmmen den Zweck, geféierlecht Verhalen ze sanktionéieren, mee virun allem, fir Accidenter ze verhënneren, andeems en de Respekt vun der Moyennevitess iwwer déi ganz Streck erzwingt. Doduerch dréit en derzou bäi: • Liewen ze schützen, andeems d'Gravitéit vun Accidenter reduzéiert gëtt, • een harmonescht Zesummeliewen tëscht alle Stroossenbenotzer ze fuërderen, • d'Vertrauen an d'Verkéierssécherheetspolitik ze stäerken, • an d'kollektiv Käschten (Gesondheetswiesen, Rettungsdéngschter, Reparature vun Infrastrukturen) am Fall vun Accidenter ze reduzéieren. Dofir ass dës Moossnam net nëmmen eng Äntwert op e lokale a rezente Problem, mee eng Entscheedung am Interessi vun der ganzer Gesellschaft.
Sammlung vun de registréierten Ënnerschrëften
No der Analys vun de gesammelten Ënnerschrëfte si(nn) 235 vun den Ënnerschrëfte valabel.
Validéiert Ënnerschrëften
235 / 5 500
Wichteg Informatiounen
Seuil net erreecht
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
10/09/2025
Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung
26/09/2025
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
Signatairë vun der Petitioun
05/02/2026
Déclaration de clôture
04/02/2026
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3797 ass den 04-02-2026 ofgeschloss ginn
Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
12/11/2025
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
12/11/2025
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3797 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 12-11-2025 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 229
12/11/2025
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 235
07/11/2025
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 3797 z'ënnerschreiwen ass den 07-11-2025 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 1
26/09/2025
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3797 ka vum 26-09-2025 un ënnerschriwwe ginn
25/09/2025
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
24/09/2025
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3797 gouf den 24-09-2025 vun der Petitiounskommissioun als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 26-09-2025 um 0h00 Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 06-11-2025 um 23h59
24/09/2025
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 24-09-2025 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3797 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
10/09/2025
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3797 gouf den 10-09-2025 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Petitioun fir d'Installatioun vun engem Streckenradar tëscht Feelen an der Fuussekaul Zil vun der Petitioun: Un déi zoustänneg Autoritéiten, Mir, déi ënnerschreiwen, Awunner, Stroossenbenotzer a Noperen am Beräich tëscht Feelen an der Fuussekaul, fuerderen d'Installatioun vun engem Streckenradar op dësem Stroossestéck. Dëse Streckenofschnëtt gëtt ze dacks mat ze héijer Vitess befuer, wat eng akut Gefor fir d'Sécherheet vun allen Usageren duerstellt. Am Géigesaz zu engem fixe Radar, deen nëmmen op engem Punkt moosst, iwwerpréift de Streckenradar d'Moyennevitess iwwer déi ganz Streck. Dat garantéiert e konsequente Respekt vun de Vitesselimiten a verhënnert, datt Chaufferen nëmmen op engem klengen Deel ofbremsen. Mir si fest dovunner iwwerzeegt, datt esou eng Moossnam géif bäidroen zu: • enger wesentlecher Reduktioun vun den Iwwerschreidunge vun der Vitess, • méi Sécherheet fir Chaufferen, Foussgänger a Vëlosfuerer, • an am Endeffekt Liewen ze retten. Mir ruffen dofir d'Autoritéiten op, séier ze handelen an en Streckenradar tëscht Feelen an der Fuussekaul z'installéieren. Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: D'Ufro fir en Streckenradar tëscht Feelen an der Fuussekaul ze installéieren, entsprécht kloer dem allgemengen Interessi. Dëse Stroossenofschnëtt gëtt all Dag vu ville Benotzer (Awunner, Arbeschter, Fraizaitfuerer, Frontaliers, etc.) befuer: Automobilisten, ëffentlechen Transport, Vëlosfuerer a Foussgänger. Dacks ginn d'Vitesselimiten op dëser Plaz iwwerschratt, wat eng permanent Gefor fir d'Verkéierssécherheet duerstellt (6 Doudeger an de leschte 5 Joer). E Streckenradar huet net nëmmen den Zweck, geféierlecht Verhalen ze sanktionéieren, mee virun allem, fir Accidenter ze verhënneren, andeems en de Respekt vun der Moyennevitess iwwer déi ganz Streck erzwingt. Doduerch dréit en derzou bäi: • Liewen ze schützen, andeems d'Gravitéit vun Accidenter reduzéiert gëtt, • een harmonescht Zesummeliewen tëscht alle Stroossenbenotzer ze fuërderen, • d'Vertrauen an d'Verkéierssécherheetspolitik ze stäerken, • an d'kollektiv Käschten (Gesondheetswiesen, Rettungsdéngschter, Reparature vun Infrastrukturen) am Fall vun Accidenter ze reduzéieren. Dofir ass dës Moossnam net nëmmen eng Äntwert op e lokale a rezente Problem, mee eng Entscheedung am Interessi vun der ganzer Gesellschaft.