Haass ass keng Meenung - Konsequenzen fir Pressesäiten déi Kommentarer op de soziale Medie net moderéieren - D’Petitiounen
Haass ass keng Meenung - Konsequenzen fir Pressesäiten déi Kommentarer op de soziale Medie net moderéieren
Ëffentlech Petitioun Nr.3761
Petitionär: Vicky Lone Wishof
Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel
Objet vun der Petitioun
Vill Pressesäite mat héiger Reechwäit a Sëtz zu Lëtzebuerg poste reegelméisseg Artikelen op de soziale Medien wéi Facebook, Instagram a co - an toleréieren ënnert dësen haassvoll an diskriminéierend Kommentarer. Mir fuerderen eng kloer gesetzlech Verflichtung fir d'Moderatioun vun esou Kommentarer an d'Meldung un d'Police. Presseorganer dierfen net méi ouni Konsequenze just nokucken. Mir fuerderen, datt d'Press zu Lëtzebuerg gesetzlech verflicht gëtt: - Kommentarer ënner hiren Artikelen op de soziale Medie konsequent z'iwwerwaachen - haassvoll oder diskriminéierend Inhalter direkt ze läschen - offensichtlech strofbar Kommentarer un d'Police oder d'Justiz ze mellen - Benotzer:innen bei Verstéiss op hir Verantwortung an Netiquette hinzeweisen - net méi vun Online-Haass duerch algorithmesch Verstäerkung ze profitéieren D'Petitioun riicht sech net géint d'Plattforme selwer, mee explizitt géint déi Presseorganer, déi dës Plattformen aktiv als Kanal fir hir Noriichten notzen. Wien ëffentlech publizéiert, muss och Responsabilitéit iwwerhuelen. D'Gesetz muss kloer definéieren, dass näischt maachen bei digitalem Haass net ouni Konsequenz däerf bleiwen.
Motivatioun vun der Petitioun
Déi passiv Haltung vun der Press schaaft e Klima vun digitaler Gewalt, wat sech och op dat allgemengt gesellschaftlecht Zesummeliewen negativ auswierkt. Besonnesch bei sensibelen Themen wéi Inklusioun, Migratioun oder Gläichberechtegung fënnt een ëmmer erëm ableistesch, rassistesch oder mënscheveruechtend Kommentarer, déi stonnen- oder deeglaang online bleiwen - heiansdo bewosst, fir méi Reechwäit ze generéieren. Wien et zouléisst, dass ënner senge Bäiträg Haass géint ganz Bevëlkerungsgruppen verbreet gëtt, mécht sech matverantwortlech. Nëmmen nokucken ass wéi zoustëmmen. Pressesäiten, déi näischt ënnerhuelen, wann hir Kommentarsektiounen zu Plattforme vu Mënscheveruechtung ginn, droen dozou bäi, dass Haass gesellschaftsfäeg gëtt. Wien näischt seet, wann Mënsche systematesch degradéiert ginn, mécht mat. Dat ass keng Meenungsfräiheet méi, mee eng ënnerloosse Schutzverantwortung géintiwwer deenen, déi viséiert ginn. Wann Haass net gestoppt gëtt, verbreet en sech. E gëtt als normal ugeholl. E spléckt d'Gesellschaft, radikaliséiert d'Diskussiounskultur a schaaft de Buedem fir Gewalt - och ausserhalb vum Internet. D'Konsequenzen treffen net nëmmen déi, déi ugegraff ginn - mee eis alleguer. Dofir brauche mir kloer Konsequenzen: Wien eng Plattform notzt, fir Noriichten ze verbreeden, muss och Verantwortung iwwerhuelen. Wien dat net mécht, soll haften - moralesch, gesellschaftlech a juristesch.
Sammlung vun de registréierten Ënnerschrëften
No der Analys vun de gesammelten Ënnerschrëfte si(nn) 187 vun den Ënnerschrëfte valabel.
Validéiert Ënnerschrëften
187 / 5 500
Wichteg Informatiounen
Seuil net erreecht
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
31/07/2025
Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung
18/09/2025
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
Signatairë vun der Petitioun
05/02/2026
Déclaration de clôture
04/02/2026
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3761 ass den 04-02-2026 ofgeschloss ginn
Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
12/11/2025
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
12/11/2025
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3761 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 12-11-2025 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 185
12/11/2025
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 187
30/10/2025
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 3761 z'ënnerschreiwen ass den 30-10-2025 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 187
18/09/2025
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3761 ka vum 18-09-2025 un ënnerschriwwe ginn
17/09/2025
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
17/09/2025
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3761 gouf den 17-09-2025 vun der Petitiounskommissioun als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 18-09-2025 um 0h00 Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 29-10-2025 um 23h59
17/09/2025
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 17-09-2025 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3761 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
31/07/2025
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3761 gouf den 31-07-2025 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Haass ass keng Meenung - Konsequenzen fir Pressesäiten déi Kommentarer op de soziale Medie net moderéieren Zil vun der Petitioun: Vill Pressesäite mat héiger Reechwäit a Sëtz zu Lëtzebuerg poste reegelméisseg Artikelen op de soziale Medien wéi Facebook, Instagram a co - an toleréieren ënnert dësen haassvoll an diskriminéierend Kommentarer. Mir fuerderen eng kloer gesetzlech Verflichtung fir d'Moderatioun vun esou Kommentarer an d'Meldung un d'Police. Presseorganer dierfen net méi ouni Konsequenze just nokucken. Mir fuerderen, datt d'Press zu Lëtzebuerg gesetzlech verflicht gëtt: - Kommentarer ënner hiren Artikelen op de soziale Medie konsequent z'iwwerwaachen - haassvoll oder diskriminéierend Inhalter direkt ze läschen - offensichtlech strofbar Kommentarer un d'Police oder d'Justiz ze mellen - Benotzer:innen bei Verstéiss op hir Verantwortung an Netiquette hinzeweisen - net méi vun Online-Haass duerch algorithmesch Verstäerkung ze profitéieren D'Petitioun riicht sech net géint d'Plattforme selwer, mee explizitt géint déi Presseorganer, déi dës Plattformen aktiv als Kanal fir hir Noriichten notzen. Wien ëffentlech publizéiert, muss och Responsabilitéit iwwerhuelen. D'Gesetz muss kloer definéieren, dass näischt maachen bei digitalem Haass net ouni Konsequenz däerf bleiwen. Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Déi passiv Haltung vun der Press schaaft e Klima vun digitaler Gewalt, wat sech och op dat allgemengt gesellschaftlecht Zesummeliewen negativ auswierkt. Besonnesch bei sensibelen Themen wéi Inklusioun, Migratioun oder Gläichberechtegung fënnt een ëmmer erëm ableistesch, rassistesch oder mënscheveruechtend Kommentarer, déi stonnen- oder deeglaang online bleiwen - heiansdo bewosst, fir méi Reechwäit ze generéieren. Wien et zouléisst, dass ënner senge Bäiträg Haass géint ganz Bevëlkerungsgruppen verbreet gëtt, mécht sech matverantwortlech. Nëmmen nokucken ass wéi zoustëmmen. Pressesäiten, déi näischt ënnerhuelen, wann hir Kommentarsektiounen zu Plattforme vu Mënscheveruechtung ginn, droen dozou bäi, dass Haass gesellschaftsfäeg gëtt. Wien näischt seet, wann Mënsche systematesch degradéiert ginn, mécht mat. Dat ass keng Meenungsfräiheet méi, mee eng ënnerloosse Schutzverantwortung géintiwwer deenen, déi viséiert ginn. Wann Haass net gestoppt gëtt, verbreet en sech. E gëtt als normal ugeholl. E spléckt d'Gesellschaft, radikaliséiert d'Diskussiounskultur a schaaft de Buedem fir Gewalt - och ausserhalb vum Internet. D'Konsequenzen treffen net nëmmen déi, déi ugegraff ginn - mee eis alleguer. Dofir brauche mir kloer Konsequenzen: Wien eng Plattform notzt, fir Noriichten ze verbreeden, muss och Verantwortung iwwerhuelen. Wien dat net mécht, soll haften - moralesch, gesellschaftlech a juristesch.