Péediatresch Fleeg an Elterenënnerstëtzung: Fir eng gerecht a mënschlech Ofdeckung

Ëffentlech Petitioun Nr.3752

Petitionär: Steve Schmitz

Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel

Objet vun der Petitioun

Dës Petitioun freet eng Erhéijung a Verbesserung vun de folgende Mesuren: D'Zuel vun Deeg Congé fir Elteren, deenen hir Kanner krank sinn, soll eropgesat ginn. D'Schafe vu Logementer no bei den Hôpitaux fir Elteren, deenen hir Kanner no der Gebuert wéinst medezinesche Komplikatioune musse stationär behandelt ginn. Zil ass et, eng besser finanziell, medezinesch a sozial Ënnerstëtzung fir Familljen ze garantéieren, déi mat komplexe Gesondheetsproblemer bei hirem Neigebuerene oder klenge Kand konfrontéiert sinn. Dëst beinhalt ënner anerem: E méi flexibele an ausgebauten Elterencongé, fir hir krank Kanner begleeden ze kënnen; D'Bereetstelle vu Logementer direkt bei de Spideeler, fir déi emotional Belaaschtung an d'Transportkäschten esou kleng wéi méiglech ze halen.

Motivatioun vun der Petitioun

Medizinesch Komplikatioune no der Gebuert stellen eng grouss Erausfuerderung fir déi betraffe Familljen duer. D'Käschte fir d'Behandlung, net compenséiert Ausfäll am Beruff souwéi d'Distanz tëscht dem Familljewunnsëtz an dem Spidol féieren zu enger duebeler Belaaschtung - emotionaler wéi och finanzieller. De momentane System entsprécht net de konkrete Besoine vun dëse Familljen. Den Zougang zu de néidege Gesondheetsservicer ass nach ëmmer ongläich an hänkt ze dacks vun de finanziellen Méiglechkeete vun de Betraffenen of. Donieft erschwéiert de Manktem u Logementsléisunge fir d'Elteren d'Begleedung vun hirem hospitaliséierte Kand nach weider. D'Upassen an d'Verbessere vun den Ënnerstëtzungsmossnamen - besonnesch duerch en ausgebauten Elterencongé a passend Logementer - ass e wichtege Schratt am Sënn vun nationaler Solidaritéit a sozialer Gerechtegkeet.

Sammlung vun de registréierten Ënnerschrëften

No der Analys vun de gesammelten Ënnerschrëfte si(nn) 97 vun den Ënnerschrëfte valabel.

Validéiert Ënnerschrëften

97 / 5 500

Petitioun deelen

Wichteg Informatiounen

Seuil net erreecht

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf

27/07/2025

Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung

18/09/2025

Zousätzlech Informatiounen