Fir eng méi gerecht Staffelung an eng méi héich Plafong am Chèque-Service Accueil (CSA) - D’Petitiounen
Fir eng méi gerecht Staffelung an eng méi héich Plafong am Chèque-Service Accueil (CSA)
Ëffentlech Petitioun Nr.3723
Petitionär: Mike Silva Gomes
Objet vun der Petitioun
D'Ënnerschreiwende fuerderen, datt d'Regierung de Chèque-Service Accueil (CSA) esou reforméiert, datt och erwerbstäteg Familljen aus der Mëttelschicht eng méi gerecht Ënnerstëtzung kréien.
Motivatioun vun der Petitioun
De Chèque-Service Accueil gouf agefouert, fir d'Chancëgläichheet tëscht de Kanner ze verbesseren - onofhängeg vun hirer sozialer oder ekonomescher Situatioun. Dëst ass e wichtegt an nobelt Zil, dat och vun dëser Petitioun ënnerstëtzt gëtt. Allerdéngs féiert d'aktuell Staffelung dozou, datt Famillje mat engem normalen Akommes séier un d'Plafong stoussen a kaum nach finanziell Entlaaschtung kréien. Gläichzäiteg kréien aner Gruppen - wéi REVIS-Beneficiairen - eng däitlech méi héich staatlech Bezuelung, och wa keen oder nëmmen en niddrege Beruffsakommes virläit. Dat féiert dozou, datt schafft Leit, déi iwwer hir Steiere selwer zum System bäidroen, benodeelegt ginn. Si mussen heiansdo souguer hir Aarbechtszäit reduzéieren, fir d'Kanderversuergung selwer z'iwwerhuelen - wat am Widdersproch zum Ziel steet, d'Beruffstätegkeet a gesellschaftlech Participatioun ze fërderen. Och wann e puer Gemengen schafft Elteren prioritär berücksichtegen, feelt et un enger landeswäiter, eenheetlecher Reegelung bei der Plazverdeelung an de Betreiungsstrukturen. D'Petitioun freet konkret: 1. Eng nei Staffelung vum CSA, déi schafft Elteren méi staark berécksiichtegt an eng däitlech méi héich Akommesplafong aféiert. 2. D'Ariichtung vun eenheetlechen, landeswäite Prioritéitskrittären, fir Familljen z'ënnerstëtzen, wou béid Elteren schaffen. 3. D'Entwécklung vu kloere Mechanismen géint Mëssbrauch, fir sécherzestellen, datt d'Hëllef bei deene Famillje ukënnt, déi se am dréngendste brauchen.
Sammlung vun de registréierten Ënnerschrëften
No der Analys vun de gesammelten Ënnerschrëfte si(nn) 58 vun den Ënnerschrëfte valabel.
Validéiert Ënnerschrëften
58 / 5 500
Wichteg Informatiounen
Seuil net erreecht
Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf
21/06/2025
Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung
18/09/2025
Zousätzlech Informatiounen
Den Historique vun der Petitioun
Signatairë vun der Petitioun
05/02/2026
Déclaration de clôture
04/02/2026
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3723 ass den 04-02-2026 ofgeschloss ginn
Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite
12/11/2025
Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun
12/11/2025
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3723 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 12-11-2025 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 55
12/11/2025
Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 58
30/10/2025
Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 3723 z'ënnerschreiwen ass den 30-10-2025 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 58
18/09/2025
Déi ëffentlech Petitioun Nr. 3723 ka vum 18-09-2025 un ënnerschriwwe ginn
17/09/2025
Deklaratioun vun der Recevabilitéit
17/09/2025
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3723 gouf den 17-09-2025 vun der Petitiounskommissioun als recevabel deklaréiert.
Recevabilitéit: recevabel Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 18-09-2025 um 0h00 Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 29-10-2025 um 23h59
17/09/2025
Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 17-09-2025 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 3723 ass positiv
Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv
21/06/2025
D'ëffentlech Petitioun Nr. 3723 gouf den 21-06-2025 deposéiert.
Titel vun der Petitioun: Fir eng méi gerecht Staffelung an eng méi héich Plafong am Chèque-Service Accueil (CSA) Zil vun der Petitioun: D'Ënnerschreiwende fuerderen, datt d'Regierung de Chèque-Service Accueil (CSA) esou reforméiert, datt och erwerbstäteg Familljen aus der Mëttelschicht eng méi gerecht Ënnerstëtzung kréien. Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: De Chèque-Service Accueil gouf agefouert, fir d'Chancëgläichheet tëscht de Kanner ze verbesseren - onofhängeg vun hirer sozialer oder ekonomescher Situatioun. Dëst ass e wichtegt an nobelt Zil, dat och vun dëser Petitioun ënnerstëtzt gëtt. Allerdéngs féiert d'aktuell Staffelung dozou, datt Famillje mat engem normalen Akommes séier un d'Plafong stoussen a kaum nach finanziell Entlaaschtung kréien. Gläichzäiteg kréien aner Gruppen - wéi REVIS-Beneficiairen - eng däitlech méi héich staatlech Bezuelung, och wa keen oder nëmmen en niddrege Beruffsakommes virläit. Dat féiert dozou, datt schafft Leit, déi iwwer hir Steiere selwer zum System bäidroen, benodeelegt ginn. Si mussen heiansdo souguer hir Aarbechtszäit reduzéieren, fir d'Kanderversuergung selwer z'iwwerhuelen - wat am Widdersproch zum Ziel steet, d'Beruffstätegkeet a gesellschaftlech Participatioun ze fërderen. Och wann e puer Gemengen schafft Elteren prioritär berücksichtegen, feelt et un enger landeswäiter, eenheetlecher Reegelung bei der Plazverdeelung an de Betreiungsstrukturen. D'Petitioun freet konkret: 1. Eng nei Staffelung vum CSA, déi schafft Elteren méi staark berécksiichtegt an eng däitlech méi héich Akommesplafong aféiert. 2. D'Ariichtung vun eenheetlechen, landeswäite Prioritéitskrittären, fir Familljen z'ënnerstëtzen, wou béid Elteren schaffen. 3. D'Entwécklung vu kloere Mechanismen géint Mëssbrauch, fir sécherzestellen, datt d'Hëllef bei deene Famillje ukënnt, déi se am dréngendste brauchen.