De komplette Führerschäin ab 17 Joer zu Lëtzebuerg

Ëffentlech Petitioun Nr.3716

Petitionär: Owen Rafael Andrade Lima

Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel

Objet vun der Petitioun

Mir froen eng Ännerung vum Gesetz, fir datt jonk Leit zu Lëtzebuerg de komplette Führerschäin schonn ab 17 Joer kënnen kréien, fir hinnen méi Onofhängegkeet a Mobilitéit ze ginn.

Motivatioun vun der Petitioun

De komplette Führerschäin ab 17 Joer géif vill Jonker zu Lëtzebuerg hëllefen. Si kéinten esou méi onofhängeg ginn an méi einfach op d'Aarbecht, an d'Schoul oder op aner Aktivitéite fueren, besonnesch do, wou et net vill Busser oder Zich ginn. An anere Länner däerfen Jonker schonn ab 17 Joer fueren. Dat weist, datt et méiglech ass an och gutt funktionéiert. Mat enger gudder Formatioun kënnen déi Jonk léieren, verantwortlech a sécher ze fueren. Dofir froe mir, datt de komplette Führerschäin ab 17 Joer zu Lëtzebuerg méiglech gëtt, ouni datt eng begleedend Fuert néideg ass. Dat géif de Jonken méi Fräiheet ginn an hiren Alldag vill méi einfach maachen.

D’Sammele vun Ënnerschrëfte leeft

De Seuil vu 5500 entsprécht der Zuel vun Ënnerschrëften, déi néideg sinn fir dass et en ëffentlechen Debat gëtt

Gespäichert Ënnerschrëften

6 / 5 500

Petitioun deelen

Wichteg Informatiounen

Sammele vun Ënnerschrëften

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf

13/06/2025

Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung

19/07/2025

Zousätzlech Informatiounen