Méi Bildung iwwert Lëtzebuerg

Ëffentlech Petitioun Nr.3712

Petitionär: Luca Nicolas Roettgers

Dës Petitioun ass an anere Sproochen disponibel

Objet vun der Petitioun

Schülerinnen a Schüler a Lëtzebuerg solle méi iwwert den Grand-Duché a seng Geschicht léieren. Si sollen net nëmmen d'Sprooch léieren, mee e Wëssen a Punkto Geschicht an Kultur kéint d'Inklusioun och vereinfachen an verbesseren.

Motivatioun vun der Petitioun

D'Schülerinnen a Schüler a Lëtzebuerg wëssen net vill iwwert den Grand-Duché, seng Geschicht a seng Kultur. Wann een net nëmmen d'Sprooch léiere géif, mee och d'Allgemengwëssen an deene Punkten stäerken géif, wär een um gudde Wee, eng Aart Eenheetsgefill opzebauen, sou dass manner Leit ausgeschloss ginn an dass méi Leit kënnen un der Kultur, un Traditiounen an um Alldaach deelhuelen.

D’Sammele vun Ënnerschrëfte leeft

De Seuil vu 5500 entsprécht der Zuel vun Ënnerschrëften, déi néideg sinn fir dass et en ëffentlechen Debat gëtt

Gespäichert Ënnerschrëften

47 / 5 500

Petitioun deelen

Wichteg Informatiounen

Sammele vun Ënnerschrëften

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf

12/06/2025

Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung

19/07/2025

Zousätzlech Informatiounen