- Géint den Tram a fir d'Ofhale vun engem Referendum

Ëffentlech Petitioun Nr.333

Petitionär: Philipp Bützow

Objet vun der Petitioun

De But ass ganz kloer --> Demokratie --> Referendum : D'Vollek soll entscheeden, ob sou ee grousse Projet an enger Krisenzäit, wou gespuert soll ginn, iwwerhaapt a Fro dierf kommen. Des Weidere fannen ech et ëmmer rëm schlëmm, wann dovu geschwat gëtt, dat géing de Mobilitéitsproblem léisen. Mä hutt Dir schon déi betraffe Leit gefrot, an dat si virun allem Frontalieren, ob déi elo bis an d'Stat erafueren oder just bis an d'Périphérie vun der Stat? Dat wäert guer a glat näischt un deenen 150.000 Frontalieren änneren, déi all Dag iwwer eis Grenze kommen an d'Autobunne vollstoppen. Et wier bei Wäitem méi schlau, eng Vignette anzeféieren oder sech iwwer aner Mobilitéitsiddie Gedanken ze maachen (Ausbau vun der franséischer Autobunn op duerchgängegen 3 Spueren, etc. )

Motivatioun vun der Petitioun

Ëffentlechen Debat

Petitioun Nr.333: - Géint den Tram a fir d'Ofhale vun engem Referendum

Wichteg Informatiounen

Clôturéiert

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf

21/03/2014

Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung

14/04/2014

Zousätzlech Informatiounen

D’Sammele vun Ënnerschrëften ass eriwwer

No der Analys vun de gesammelten Ënnerschrëfte si(nn) 7105 vun den Ënnerschrëfte valabel.

Validéiert Ënnerschrëften

7 105 / 4 500

Petitioun deelen