Méi ee strengt Déiereschutzgesetz

Ëffentlech Petitioun Nr.331

Petitionär: Eric Henn

Objet vun der Petitioun

Protéger les animaux et punir plus lourdement la cruauté contre les animaux: Bei engem méi strengen Déiereschutzgesetz geet et jo net nëmmen em bestëmmten Déieren, mee em sämtlech Déieren um nationalen Terrain. Dobäi kënt, datt eiser Meenung no iwwert d'Déiereschutzgesetz och Werter vermëttelt ginn. Et ka just am nationalen Intérêt sinn, wann de strikte Respekt vun all Liewewiesen hei am Land ginn ass. An dat fängt bei den Déieren un. Mir denken och, datt een am internationalen Emfeld domat eng däitlech Positioun anhuele kann, eng Positioun déi um Respekt vum Déier baséiert. Et huet ee jo rezent matkritt, souwuel am Inland wéi och am Ausland, datt de Mënschen d'Wuelergoen vun den Déieren um Härze läit ( Virfäll am Inland, am Frankreich, an Dänemark mat der Giraffe aus dem Zoo, a Japan mat de Walen, etc.). Mat engem strengen Déiereschutz hëlt een do eng noutwendeg, fortschrëttlech an "wertvoll" Positioun an, déi vermëttelt datt de Respekt vun den Déieren, an der Natur iwwerhaapt, an der heiteger Welt vu Globaliséierung a Kapitalismus, an engem moderne Land net ze kuurz kommen dierf an net ze kuurz kënt. An engems setzt een e kloert Signal a Richtung vun de potenziellen Déierequäler an schützt esoumat am Idealfall sämtlech Stéit am Land virun enger Mësshandlung vun hierem muussegen, pelzegen oder gefiederte Frënd. Eng Nécessitéit an eng Reklamm fir eist Land!

Motivatioun vun der Petitioun

Ëffentlechen Debat

Petitioun Nr.331: Méi ee strengt Déiereschutzgesetz

Wichteg Informatiounen

Clôturéiert

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf

20/03/2014

Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung

02/05/2014

Zousätzlech Informatiounen

D’Sammele vun Ënnerschrëften ass eriwwer

No der Analys vun de gesammelten Ënnerschrëfte si(nn) 5414 vun den Ënnerschrëfte valabel.

Validéiert Ënnerschrëften

5 414 / 4 500

Petitioun deelen