d'Heeschen zu all Zäit an iwwerall erlaabt loossen!

Ëffentlech Petitioun Nr.2991

Petitionär: Marc Faramelli

Objet vun der Petitioun

Heeschen ass Deel vum Recht op Selbstbestëmmung am Sënn vun de Garantien déi am Artikel 8 an der Europäescher Mënscherechtskonventioun verankert sinn. Et sollt am Fong just kënnen ageschränkt gi wann een aner Leit aggressiv ugeet oder a zum Beispill a Bande géif heesche goen. D'Police sollt och do déi néideg Ressource kréie fir géint esou eppes virzegoen, mee individuell sollt jidderee "passiv" heesche kënnen, also sech dierfen dohi setze mat engem Behälter an op Spenden hoffen, ouni natierlech de Passage ze behënneren.

Motivatioun vun der Petitioun

Jidderee kann duerch Schicksalsschléi an déi mësslech Situatioun geroden op Hëllef vun aneren ugewisen ze sinn. Wann een dann esou aarm drun ass, dat een heesche muss, sollt een net och nach kriminaliséiert ginn an dem en dem Mënsch och nach déi Méiglechkeet hëlt. Et ass also am Interessi vun eis all an an der Hoffnung dat een ni heesche muss!

Ëffentlechen Debat

Un débat sur une pétition contre l’interdiction de la mendicité

Wichteg Informatiounen

Petitioun, déi Theema vun engem ëffentlechen Debat ass

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf

18/12/2023

Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung

12/01/2024

Zousätzlech Informatiounen

D’Sammele vun Ënnerschrëften ass eriwwer

No der Analys vun de gesammelten Ënnerschrëfte si(nn) 5501 vun den Ënnerschrëfte valabel.

Validéiert Ënnerschrëften

5 502 / 4 500

Petitioun deelen