Congé pour les donneurs de sang

Einfach Petitioun Nr.2736

Petitionär: Sally Fischer

Text vun der Petitioun

Dir Dammen an Hären, Matt dësem schreiwen wollt ech iech eng meng Petitioun am Detail beschreiwen wisou ech perséinlech der Meenung sinn, dass Bluttspender´en am Privat Secteur sollen järlech 6 Stonnen obligatoresch fräi kréien. Employéen beim Staat kréien een hallwen Daach Fräi geschriwwen wann een Bluttspenden geet an den Beweisziedel vun der Croix-Rouge bei der Ressource Humaine ofgëtt. Allerdéngs ass dat NET am Privat Secteur den Fall. Am Moment ass et esou, dass´en Privat Betriber KENNEN hiren Employéen fräi ginn wann se Bluttspenden ginn. Waat leider nach keen muss ass. Déi reegelméisseg Opriff vun der Croix-Rouge vir Blutt ze spenden Beweist jedoch, dass net vill Leit Bluttspende ginn bzw. kennen goen. Vill Leit déi am Privat Secteur schaffen kréien Leider keng Fräi Stonnen vir Blutt ze spenden. Waat sech rem un den jährlechen Blutspender-Zuelen vun der Croix-Rouge bemierkbar mescht. Wärend der Pandemie ab dem Joer 2020 huet een staark gemierkt, dass den Lëtzebuerger Staat vill vun den ""Frontalieren"" ofhängeg ass. Do während dem ""Lock Down"" eis Landesgrenzen opbliwwen sinn. An der Periode vum ""Lock Down"" sinn méi Leit Bluttspende gaangen. Wat deemools vun Virdeel war, well duerch den Covid vill Leit Blutbaxteren kruten. Des Zuelen loossen sech einfach dorun erklären, dass wärend dem ""Lock Down"" vill Beruffer net méi hier arbescht ausüben konnten an dofir méi Fräizäit haten an doropshin Bluttspenden gaangen sinn. Doduerch, dass Limitatiounen vun dëser Pandemie gelackert ginn sinn an all Beruff rëm kann ausgeüübt ginn hunn Leit leider keng Fräizäit méi vir kenne Blutt ze spenden wat Croix-Rouge staark ze spieren kritt. Genausou wéi Klinicken. Medizin ass een Beräich deen sech ständeg weiderentwéckelt. Daat bréngt och matt sech, dass den medizineschen Sekteur an Zukunft méi Blutbaxteren brauch vir verschidden kierperlech schwéier Perioden domat mei einfach iwwerbrécken kennen. Duerch deen starken Blutmangel bei der Croix-Rouge ginn Patienten an den Kliniken prioriséiert. Déi neideg Persounen kréien een Blutbaxter an déi, déi net an Gefohr schwiewen ginn zeréckbehalen. Domat Blutspender, Staat an den Privat Secteur zefridden sinn wier heibäi meng Propose: Am Numm vun den Bluttspender verlangen ech, dass een OBLIGATORESCH pro Spend soll mindestens 2 Stonnen fräigestallt ginn vir den Privat Secteur (45 Minutten vir op eng Bluttspend Zentral ze kommen, 30 Minutten vir den Formulaire + Bluttspend ze machen, 45 Minutten vir rëm op d´arbescht zeréck ze goen). Do een Mënsch routinéiert all 4 Méint spenden däerf goen wier ech vir 6 Stonnen pro Joer obligatoresch Fräi ze ginn. Ech Hoffen dir kennt heimat mäin Point-de-Vue novollzéien an op dëser Basis gëtt an Zukunft eppes geännert.

Petitioun deelen

Wichteg Informatiounen

Closed

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf

13/04/2023

Zousätzlech Informatiounen

D’Sammele vun Ënnerschrëften ass eriwwer

No der Analys vun de gesammelten Ënnerschrëfte si(nn) 0 vun den Ënnerschrëfte valabel.

Validéiert Ënnerschrëften

0 / 4 500

Petitioun deelen