Ënnerstëtzung fir d'Elteren deenen hier Kanner NET an eng Maison relais ginn

Ëffentlech Petitioun Nr.2061

Petitionär: Jules Clement

Objet vun der Petitioun

D'Zil vun der Petitioun ass, dass déi Elteren eng finanziell Bäihellef solle kréien, deenen hier Kanner net an eng Maison relais ginn an/oder deenen hier Kanner all Dag doheem oder bei engem aanere Familljemember (Grousselteren, Tatta oder Monni asw.) mëttes z'iesse kréien. Dëst och als Motivatioun fir dass nach méi Elteren sech géifen fir een Travail à temps partiel entscheeden fir méi Zäit mat hiere Kanner ze verbréngen. Schliesslech gëtt och vill Geld agespuert, bei Infrastruktur- a Fonctionnementskäschten vun de Maison relais'en, duerch déi Elteren déi hier Kanner doheem versuergen.

Motivatioun vun der Petitioun

An der Ried zur Lag vun der Natioun vum 12. Oktober 2021 wou ënnert Aanerem matgedeelt gouf, dass d'Maison relais'en ab der Rentrée 2022-2023 vu moies 7 bis owes 7 solle gratis ginn, grad esou wéi d'gratis Mëttegiesse fir d'Kanner an der Grondschoul an am Lycée, wat secherlech Mesuren sinn déi ze begréissen sinn, mee wou deene Leit déi hier Kanner doheem versuergen an doheem fir hier Kanner kachen, net Rechnung gedro gëtt. Als Kompensatioun sollten déi Leit dann och eng ähnlech finanziell Bäihëllef kréien.

Ëffentlechen Debat

Ënnerstëtzung fir d'Elteren deenen hier Kanner NET an eng Maison relais ginn

Ëffentlech Petitioun Nr.2061

Wichteg Informatiounen

Seuil erreecht - et kënnt en ëffentlechen Debat

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf

14/10/2021

Ouverture vun der Ënnerschrëftesammlung

22/10/2021

Zousätzlech Informatiounen

D’Sammele vun Ënnerschrëften ass eriwwer

No der Analys vun de gesammelten Ënnerschrëfte si(nn) 4879 vun den Ënnerschrëfte valabel.

Validéiert Ënnerschrëften

4 879 / 4 500

Petitioun deelen