D’Petitioune vun der Chamber

All Persoun huet d’Recht mat enger Petitioun Uleiessen un d’Chamber erun ze droen.
Et gëtt zwou Zorte Petitiounen: ëffentlech Petitiounen an einfach Petitiounen.

Zousätzlech Informatiounen

Iwwerbléck iwwer d’ëffentlech Petitiounen, déi den Ament ënnerschriwwe kënne ginn

Création d'une plateforme nationale centralisée et numérique de réclamations pour la protection des consommateurs au Luxembourg

Ëffentlech Petitioun

4156

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf 24/06/2026

ZIL : La présente pétition vise à moderniser et à simplifier l'accès à la défense des droits des consommateurs au Grand-Duché de Luxembourg à travers trois objectifs principaux : 1. La création d'une plateforme numérique nationale, publique et centralisée (sur le modèle d'un "Livre de Réclamations Électronique") accessible à tous les citoyens et aux entreprises. 2. L'instauration d'une obligation légale pour tout professionnel opérant sur le territoire luxembourgeois de répondre formellement aux réclamations déposées par les clients sur cette plateforme, dans un délai strict et encadré par la loi. 3. L'interconnexion automatique de cet outil avec les autorités de régulation sectorielles existantes et le Service National du Médiateur de la Consommation, afin de garantir un suivi transparent, d'accélérer le règlement amiable des litiges et de dissuader les pratiques commerciales abusives.

Sammele vun Ënnerschrëften

41

Deeg, déi nach bleiwen

Gespäichert Ënnerschrëften

10 / 5 500

D'Bargeld an der Verfassung verankeren

Ëffentlech Petitioun

4176

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf 09/07/2026

ZIL : Petitioun fir de Schutz vum Bargeld an der Verfassung Mir fuerderen, datt d'Recht op d'Benotzung vu Bargeld an der Verfassung verankert gëtt. Bargeld muss als gesetzlecht Bezuelmëttel erhale bleiwen a däerf och mat der Aféierung vum digitalen Euro ni ofgeschaaft oder staark ageschränkt ginn.

Sammele vun Ënnerschrëften

41

Deeg, déi nach bleiwen

Gespäichert Ënnerschrëften

211 / 5 500

De steierlech ofsetzbare Plafong fir perséinlech Bäiträg vun de Salariéen zu betrieblechen Zousazpensiounssystemer erhéijen an indexéieren

Ëffentlech Petitioun

4203

Dag, un deem d’Petitioun agereecht gouf 27/07/2026

ZIL : Dës Petitioun fuerdert d'Regierung an d'Chamber op: 1. de steierlech ofsetzbare Plafong fir perséinlech Bäiträg vun de Salariéen zu engem betriblechen Zousazpensiounssystem vun 1.200 Euro op mindestens 4.500 Euro pro Joer ze erhéijen; an 2. eng reegelméisseg Upassung vun dësem Plafong virzegesinn, fir ze verhënneren, datt säi reelle Wäert duerch d'Inflatioun no an no erofgeet. Dës Erhéijung géif et erlaben, de Plafong vum zweete Pilier un de Plafong vu 4.500 Euro unzepassen, deen elo fir individuell Altersvirsuergprodukter vum drëtte Pilier gëllt.

Sammele vun Ënnerschrëften

41

Deeg, déi nach bleiwen

Gespäichert Ënnerschrëften

18 / 5 500

Aktuell ëffentlech Debatten

Wéinst lafenden Aarbechten ass d'Sektioun 'Ëffentlech Debaten' de Moment net verfügbar. D'Areeche, d'Kucken an d'Ënnerschrëiwe vu Petitioune sinn dovun net betraff.

Den nächsten ëffentlechen Debat ass e Mëttwoch, den 21. Otkober 2026 um 9 Auer iwwer d'Petitioun Nr. 4004 - Stäerkung vum Lëtzebuergeschen als verpflichtend ze léierend Integratiounssprooch zu Lëtzebuerg.