Fuerderung vun engem oppenen IRM hei zu Lëtzebuerg. Moossnam, fir all Kategori vun Patienten eng angstfräi a komfortabel medezinesch Diagnostik ze erméiglechen.

Public petition n°3609

Petitioner: Sonja Bodson

Purpose of the petition

Zil vun der Petitioun ass d'Uschafung an Disponibilitéit vun engem oppenen IRM hei zu Lëtzebuerg fir all Bierger eng gläichberechtegt a komfortabel medezinesch Versuergung ze bidden. Konkret soll dës Petitoun dozou feieren Zougangsbedingungen fir MRT-Ënnersichungen ze verbesseren, besonnesch fir Leit mat Klaustrophobie, Kanner, eeler Persounen a Patienten mat Bewegungseinschränkungen. Patienten , déi eng Begleetpersoun brauchen. Patienten wären net mei gezwongen an d'Ausland ze reese, fir Zougang zu engem oppenen IRM ze kréien.

Reason for the petition

Et soll op mannst een oppenen IRM (Magnetresonanthomograph)an engem ëffentleche Spidol oder engem groussen Diagnostikzentrum zu Lëtzebuerg installéiert ginn. De Moment ginn et zu Lëtzebuerg nemmen zouen MRT-Geräter. Reduzéierung vum Stress an Angscht fir Patienten. Dës klassesch, enge Röhre féieren awer bei vill Patienten zu Problemer a Restriktiounen. En oppenen IRM ass essentiell fir eng besser medezinesch Versuergung an kann och esou d'Ënnersichung stressfräi a méi komfortabel machen, ouni d'Noutwendegkeet vu Medikamenter. De Moment musse vill Leit fir en oppenen IRM an Ausland fueren, well et zu Lëtzebuerg kee sou en IRM-Gerät gett. Dëst bedeit extra Käschten a méi Zäit. MRT-Resultater aus dem Ausland kommen net automatesch an den Patientendossier zu Lëtzebuerg. Och dat ass e groussen Problem fir d'Kontinuitéit vun der medezinescher Versuergung.

Signatures collection ongoing

The 4500 threshold represents the number of signatures required to give rise to a public debate.

Registered signatures

122 / 4 500

Share the petition

Key information

Signature collection

Submission date

10/03/2025

Opening of the signature collection

05/06/2025

Additional information