Ariichten a Promotioun vun engem ëffentlechen Täterpräventiounsdéngscht - Petitions
Ariichten a Promotioun vun engem ëffentlechen Täterpräventiounsdéngscht
Public petition n°731
Petitioner: Ronald Kwiatkowski
Purpose of the petition
Den Uleies vun dëser Petitioun ass d'Ariichte vun engem permanenten Déngscht, bei deem sech Bierger anonym mëlle kënnen, wann se bei sech selwer Tendenzen zu illegalem sexuellem oder gewaltbereetem Verhale feststellen. Dësen Déngscht soll reng logistesch wierken, als accessibel an efficace Schnëttstell tëscht potentiellem Täter an adequater medezinescher Hëllef. Esou soll méi aktiv Täterpräventioun bedriwwe ginn, nom simpele Prinzip: wat mer méi potentiell Täter virum Akt opfänken, wat et manner Affer gëtt.
Reason for the petition
Haislech Gewalt a pedosexuell Akte gehéieren zu de gréisste Fléaue vun der Gesellschaft. Leider beschränken sech eis präventiv Methoden op Afferpräventioun ("Klamm a kee friemen Auto"). Anerersäits ass d'Bereetschaft vun der Gesellschaft natierlech grouss, no engem entspriechend trageschen Evenement - also wann et schonn ze spéit ass -, ze urdeelen an ze verdamen. Dat bréngt mat sech, dass e potentiellen Täter (een, deen nach net agéiert huet, awer un sech mierkt "dass eppes net stëmmt") evitéiert, em Rot ze froen. D'Famill versteet et net, a wat ass, wann den Dokter uerteelt? Etude weisen am Fall vun der Pedosexualitéit, dass et virun illegalen Akten eng laang Zäit virdru gëtt, déi gekennzeechent ass vu Gewëssenskonflikter a mentaler Reorientéierung. Och am Fall vun haislecher (oder anerer) Gewalt ginn et beim (potentiellen) Täter Phase vun ziviller Luciditéit a Konflikt mat sech selwer. Et ass dee Moment, wou d'Gesellschaft dem potentiellen Täter muss en Auswee bidden, deen en net ze fäerte brauch. Dat kann eng Telefonsnummer sinn, eng E-Mail-Adress, en anonymiséierte Bureau. Wat wichteg ass, ass, dass de potentiellen Täter weess, dass et an Auswee gëtt, dass d'Gesellschaft him esou ee bidde kann. Deementspriechend muss esou en Déngscht gutt promovéiert ginn. E gutt Beispill heifir ass d'Aktioun vun der Berliner Charité-Klinik, déi TV-Spotten ënnert dem Thema "Sind Ihnen Kinder lieber als Ihnen lieb sind?" geschalt huet. Et kéint een esou eng "Helpline fir potentiell Täter" zum Beispill "b-4" (also aussokräfteg "before") nennen, duerchaus "catchy", fir eng maximal Reconnaissance. Genee wéi Helplines fir Kanner, suizidär Leit oder geschloe Fraen, sollte mer eng Helpline ubidde fir Leit, déi - falls se eleng gelooss ginn - déi aner Helplines néideg maachen. Eng Approche vun zwou Fronten. Zum Zweck Afferzuelen ze reduzéieren, a "verierte" Leit erëm op de richtegen, ziville Wee ze bréngen. Den Déngscht soll wéi gesot virun allem logistesch schaffen, an déi entspriechend Patienten den entspriechende medezinesche Kapassitéiten zougefouert ginn. Och gëtt virgeschloen, dass sech eis Medezin mat entspriechenden auslännesche Programme befaasst, fir modern an adequat Behandlung vun dëse (statistesch dach ganz relevante) "Gesellschaftskrankheeten" ze erméiglechen.
Collection of registered signatures
After analysing all the registered signatures, 63 were valid.
Verified signatures
63 / 4 500
Key information
Reclassification as an ordinary petition
Submission date
22/10/2016
Opening of the signature collection
15/11/2016
Additional information
Petition background
Petition signatories
16/02/2017
Reclassification of the public petition, not having reached the threshold of 4500 signatures, into an ordinary petition n°731, on 16-02-2017
19/01/2017
Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition
10/01/2017
Validated electronic signatures: 63
10/01/2017
The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°731, on 10-01-02017 - Number of signatures after validation: 63
28/12/2016
The period for signing the public petition n°. 731 is closed on 28-12-2016 - Number of electronic signatures before validation: 63
15/11/2016
The public petition n°731 is open for signature, on 15-11-2016
10/11/2016
The public petition n°731 was declared admissible by the Committee on Petitions on 10-11-2016
Admissibility: admissible Start date of the signature period: 15-11-2016 at 0:00 a.m. End date of the signature period: 27-12-2016 at 11:59 p.m.
10/11/2016
The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 731, on 10-11-2016
Opinion of the Committee on Petitions: positive
25/10/2016
The petition public n°731 is submitted the 25-10-2016
Title of the petition: Ariichten a Promotioun vun engem ëffentlechen Täterpräventiounsdéngscht Aim of the petition: Den Uleies vun dëser Petitioun ass d'Ariichte vun engem permanenten Déngscht, bei deem sech Bierger anonym mëlle kënnen, wann se bei sech selwer Tendenzen zu illegalem sexuellem oder gewaltbereetem Verhale feststellen. Dësen Déngscht soll reng logistesch wierken, als accessibel an efficace Schnëttstell tëscht potentiellem Täter an adequater medezinescher Hëllef. Esou soll méi aktiv Täterpräventioun bedriwwe ginn, nom simpele Prinzip: wat mer méi potentiell Täter virum Akt opfänken, wat et manner Affer gëtt. Motivation of the general interest of the petition: Haislech Gewalt a pedosexuell Akte gehéieren zu de gréisste Fléaue vun der Gesellschaft. Leider beschränken sech eis präventiv Methoden op Afferpräventioun ("Klamm a kee friemen Auto"). Anerersäits ass d'Bereetschaft vun der Gesellschaft natierlech grouss, no engem entspriechend trageschen Evenement - also wann et schonn ze spéit ass -, ze urdeelen an ze verdamen. Dat bréngt mat sech, dass e potentiellen Täter (een, deen nach net agéiert huet, awer un sech mierkt "dass eppes net stëmmt") evitéiert, em Rot ze froen. D'Famill versteet et net, a wat ass, wann den Dokter uerteelt? Etude weisen am Fall vun der Pedosexualitéit, dass et virun illegalen Akten eng laang Zäit virdru gëtt, déi gekennzeechent ass vu Gewëssenskonflikter a mentaler Reorientéierung. Och am Fall vun haislecher (oder anerer) Gewalt ginn et beim (potentiellen) Täter Phase vun ziviller Luciditéit a Konflikt mat sech selwer. Et ass dee Moment, wou d'Gesellschaft dem potentiellen Täter muss en Auswee bidden, deen en net ze fäerte brauch. Dat kann eng Telefonsnummer sinn, eng E-Mail-Adress, en anonymiséierte Bureau. Wat wichteg ass, ass, dass de potentiellen Täter weess, dass et an Auswee gëtt, dass d'Gesellschaft him esou ee bidde kann. Deementspriechend muss esou en Déngscht gutt promovéiert ginn. E gutt Beispill heifir ass d'Aktioun vun der Berliner Charité-Klinik, déi TV-Spotten ënnert dem Thema "Sind Ihnen Kinder lieber als Ihnen lieb sind?" geschalt huet. Et kéint een esou eng "Helpline fir potentiell Täter" zum Beispill "b-4" (also aussokräfteg "before") nennen, duerchaus "catchy", fir eng maximal Reconnaissance. Genee wéi Helplines fir Kanner, suizidär Leit oder geschloe Fraen, sollte mer eng Helpline ubidde fir Leit, déi - falls se eleng gelooss ginn - déi aner Helplines néideg maachen. Eng Approche vun zwou Fronten. Zum Zweck Afferzuelen ze reduzéieren, a "verierte" Leit erëm op de richtegen, ziville Wee ze bréngen. Den Déngscht soll wéi gesot virun allem logistesch schaffen, an déi entspriechend Patienten den entspriechende medezinesche Kapassitéiten zougefouert ginn. Och gëtt virgeschloen, dass sech eis Medezin mat entspriechenden auslännesche Programme befaasst, fir modern an adequat Behandlung vun dëse (statistesch dach ganz relevante) "Gesellschaftskrankheeten" ze erméiglechen.