Fir eng gerecht Ofsécherung vun de Pensiounsrechter vu Persounen an enger berufflecher Reintegratioun am Kader vun enger Convention thérapeutique - Petitions
Fir eng gerecht Ofsécherung vun de Pensiounsrechter vu Persounen an enger berufflecher Reintegratioun am Kader vun enger Convention thérapeutique
Public petition n°4332
Petitioner: Joé Schmitz
This petition is available in other languages:
Object of the petition
Dës Petitioun huet als Zil, eng gerecht Ofsécherung vun de Pensiounsrechter vu Persounen ze fuerderen, déi am Kader vun enger Convention thérapeutique eng berufflech Reintegratioun maachen. D'Chamber gëtt gebieden, d'Auswierkunge vun dëser Form vu berufflecher Reintegratioun op d'Pensiounsrechter ze analyséieren, besonnesch am Bezuch op d'Cotisatiounszäiten an d'Opbaue vun enger Pensiounsversécherungskarriär. Zil ass et, ze préiwen, wéi dës Perioden an Zukunft besser berücksichtegt kënne ginn, fir ze verhënneren, datt betraffe Persounen duerch hir berufflech Reintegratioun laangfristeg Nodeeler bei hire Pensiounsrechter hunn. Ausserdeem soll gepréift ginn, wéi d'Betraffen transparent iwwer hir Pensiounssituatioun an eventuell feelend Cotisatiounszäiten informéiert kënne ginn.
Reason for the petition
Dës Petitioun ass vun allgemengem Interessi, well si eng sozial a gesellschaftlech Fro betrëfft: d'PensiounsofSécherung vu Persounen, déi eng berufflech Reintegratioun am Kader vun enger Convention thérapeutique maachen. Persounen, déi sech no enger schwiereger Liewenssituatioun nees lues a lues an d'Beruffsliewe integréieren, sollen net riskéieren, datt dës Reintegratioun spéider zu Nodeeler bei hire Pensiounsrechter féiert. Et ass wichteg, datt si wëssen, wéi hir Zäit an hir berufflech Aktivitéit sech op hir Pensiounsversécherung auswierken. D'Äntwert vum Minister Max Hahn op d'parlamentaresch Fro Nr. 4748 vum 26. Oktober 2026 weist, datt d'Fro vun de Pensiounscotisatiounen a verschiddene Situatioune vu Persoune mat enger Behënnerung relevant ass an datt betraffe Persounen net onbedéngt spezifesch informéiert ginn, wann hinnen nach Cotisatiounszäite feelen. Dofir soll ënnersicht ginn, wéi d'Situatioun vu Persounen an enger Convention thérapeutique besser analyséiert an ofgeséchert ka ginn, ob eng Upassung vun de gesetzleche Bestëmmungen néideg ass a wéi eng fair Léisung fir déi betraffe Persoune fonnt ka ginn. D'Zil ass et, méi Transparenz, Gläichbehandlung a sozial Sécherheet ze fërderen, fir datt eng berufflech Reintegratioun net zu engem laangfristegen Nodeel bei der Pensioun féiert.
Key information
Signature collection . Step 2 of 4
Submission date
29/10/2026
Opening of the signature collection
26/11/2026
Additional information
Petition background
Petition signatories
26/11/2026
The public petition n°4332 is open for signature.
25/11/2026
The public petition n°4332 is declared admissible by the Petitions Committee.
Decision: admissible Start date of the signature period: 26-11-2026 at 0:00 a.m. End date of the signature period: 06-01-2027 at 11:59 p.m.
Signatures collection ongoing
The 5500 threshold represents the number of signatures required to give rise to a public debate.
Registered signatures
1 / 5 500