Fir d'Lëtzebuergesch Sprooch als obligatorescht Fach mat Schreifkompetenzen an allen Schoulen an Lycéeën - Petitions
Fir d'Lëtzebuergesch Sprooch als obligatorescht Fach mat Schreifkompetenzen an allen Schoulen an Lycéeën
Public petition n°3836
Petitioner: Aleks Jevdokimov
This petition is available in other languages:
Purpose of the petition
Dës Petitioun wëll erreechen datt d'Lëtzebuergesch Sprooch net nëmmen als Kommunikatiounssprooch, mee och als vollwäertegt Fach mat strukturéierter Schreif- a Grammatikkompetenz an allen Schoulen an Lycéeën am Land enseignéiert gëtt.
Reason for the petition
D'Lëtzebuergesch ass e wichtege Bestanddeel vun Identitéit an kultureller Zesummenhalt. A ville Schoulen a Lycéeë gëtt si zwar geschwat, mee net déifgräifend geléiert, virun allem net an de Beräicher Orthographie, Grammatik an Texterstellung. Vill Schüler kënnen no hirer Schoulzäit Lëtzebuergesch fléissend schwätzen, mee net fehlerfräi schreiwen. Dat féiert dozou, datt: - d'Sprooch lues a lues ihre geschriwwene Form verléiert, - d'Kanner sech net kompetent an hirer eegener Nationalsprooch spieren, - an datt d'Lëtzebuergesch oft als "onvollstänneg" Sprooch ofgestempelt gëtt. Dëst muss änneren. Fuerderungen: 1) D'Aféierung vum Fach "Lëtzebuergesch mat Schrëftkompetenz" als obligatorescht Element vum Léierplang vu Grondschoul bis Lycée. 2) D'Ausbildung vu Léierpersonal, dat speziell op d'Didaktik vum Lëtzebuergeschen a seng Orthographie virbereet ass. 3) D'Entwécklung vun moderne Léiermaterialien, déi d'Sprooch attraktiv a praktesch vermëttelen. 4) D'Integratioun vu Lëtzebuergesch-Examen (z. B. am Stil vun DÉLF/Goethe-Testen) fir eng offiziell Evaluatioun vun de Kompetenzen. Firwat dat wichteg ass: Wann d'Kanner Lëtzebuergesch schreiwen a liesen léieren, verstinn se och besser déi aner Landes- a Friemsproochen, a si fillen sech méi zougehéireg zu hirem Land an hirer Kultur. Eng gutt verankert Nationalsprooch ass kee Symbol vum Exklusivismus, mee en Instrument fir sozial Kohäsioun an Identitéit.
Signatures collection ongoing
The 5500 threshold represents the number of signatures required to give rise to a public debate.
Registered signatures
1 518 / 5 500
Key information
Signature collection
Submission date
13/10/2025
Opening of the signature collection
23/10/2025
Additional information
Petition background
Petition signatories
23/10/2025
The public petition n°3836 is open for signature, on 23-10-2025
22/10/2025
Statement of admissibility
22/10/2025
The public petition n°3836 was declared admissible by the Committee on Petitions on 22-10-2025
Admissibility: admissible Start date of the signature period: 23-10-2025 at 0:00 a.m. End date of the signature period: 03-12-2025 at 11:59 p.m.
22/10/2025
The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 3836, on 22-10-2025
Opinion of the Committee on Petitions: positive
13/10/2025
The petition public n°3836 is submitted the 13-10-2025
Title of the petition: Fir d'Lëtzebuergesch Sprooch als obligatorescht Fach mat Schreifkompetenzen an allen Schoulen an Lycéeën Aim of the petition: Den wëllen erreechen, datt d'Lëtzebuergesch Sprooch net nëmmen als Kommunikatiounssprooch, mee och als vollwäertegt Fach mat strukturéierter Schreif- a Grammatikkompetenz an allen Schoulen an Lycéeën am Land enseignéiert gëtt. Motivation of the general interest of the petition: D'Lëtzebuergesch ass e wichtege Bestanddeel vun Identitéit an kultureller Zesummenhalt. A ville Schoulen a Lycéeë gëtt si zwar geschwat, mee net déifgräifend geléiert, virun allem net an de Beräicher Orthographie, Grammatik an Texterstellung. Vill Schüler kënnen no hirer Schoulzäit Lëtzebuergesch fléissend schwätzen, mee net fehlerfräi schreiwen. Dat féiert dozou, datt: - d'Sprooch lues a lues ihre geschriwwene Form verléiert, - d'Kanner sech net kompetent an hirer eegener Nationalsprooch spieren, - an datt d'Lëtzebuergesch oft als "onvollstänneg" Sprooch ofgestempelt gëtt. Dëst muss änneren. Fuerderungen: 1) D'Aféierung vum Fach "Lëtzebuergesch mat Schrëftkompetenz" als obligatorescht Element vum Léierplang vu Grondschoul bis Lycée. 2) D'Ausbildung vu Léierpersonal, dat speziell op d'Didaktik vum Lëtzebuergeschen a seng Orthographie virbereet ass. 3) D'Entwécklung vun moderne Léiermaterialien, déi d'Sprooch attraktiv a praktesch vermëttelen. 4) D'Integratioun vu Lëtzebuergesch-Examen (z. B. am Stil vun DÉLF/Goethe-Testen) fir eng offiziell Evaluatioun vun de Kompetenzen. Firwat dat wichteg ass: Wann d'Kanner Lëtzebuergesch schreiwen a liesen léieren, verstinn se och besser déi aner Landes- a Friemsproochen, a si fillen sech méi zougehéireg zu hirem Land an hirer Kultur. Eng gutt verankert Nationalsprooch ass kee Symbol vum Exklusivismus, mee en Instrument fir sozial Kohäsioun an Identitéit.