Aféierung vun enger Scholdenbrems.

Public petition n°2837

Petitioner: Romain Reiter

Purpose of the petition

D'Zil vun der Scholdbrems ass et - d'laangfristeg Nohaltegkeet vum Staatsbudget ze secheren, - de finanzielle Spillraum fir staatlech Aufgaben ze erhaalen an - déi zukunftig Generatiounen net ze belaaschten.

Reason for the petition

Déi zukünftig Generatiounen ginn ëmmer méi belaascht. Dofir ass onbedéngt erfuerdert, dat den Staatsbudget laangfristeg Nohaltegkeet gëtt. En Artikel am Grondgesetz solle de Prinzip vun engem equilibréierte Budget ouni Akommes vu Prêten fir den Staatsbudget virschreiwen. Wuelwessend, dat eng Grondgesetzännerung eng langwierig Prozedur ass soll d Scholdebrems an enger éischter Phase duerch en Gesetz agefouert ginn. Am Kader vum Prinzip vun den ausgeglachenen Budgeten soll et onofhängeg vun der wirtschaftlecher Situatioun en enk begrenzten Spillraum ginn fir ze Suen ze léinen. Den maximal zulässlichen Nettokredit soll limitéiert ginn op 0,35 Prozent vum Bruttoinlandprodukt. Eng Befreiung fir Naturkatastrophen oder aner aussergewéinlech Noutsituatiounen, déi iwwer d'Kontroll vum Staat sinn an e wesentlechen Impakt op d'Finanzsituatioun vum Staat hunn, garantéiert datt d'Regierung déi néideg Fäegkeet huet ze handelen fir d'Kris ze managen. Déi aussergewéinlech Noutsituatiounen muss duerch eng 2/3 Majoritéit an der Chamber festgestallt ginn. Zur selwechter Zäit muss awer och e Remboursementsplang decidéiert ginn, dee virgesäit, datt déi aussergewéinlech guttgeheescht Prêten bannent enger raisonnabeler Zäit zréckbezuelt ginn. Ass duerch eng aussergewéinlech Noutsituatiounen déi zulässlich Nettoléinung erhéicht ginn, dann muss se duerno a wirtschaftlech gudde Phasen reduzéiert ginn.

Signature collection over

After analysing all the registered signatures, 18 were valid.

Verified signatures

18 / 4 500

Share the petition

Key information

Closed

Submission date

12/07/2023

Opening of the signature collection

26/07/2023

Additional information