Fir d'Ofschafe vum Cumul vun de politesche Mandater. Een Deputéierte soll net méi och nach dierfe Buergermeeschter, Schäffen oder Conseiller sinn.

Public petition n°2726

Petitioner: Roger Jean Paul Braun

Purpose of the petition

Ofschaffe vun dem Kumul vun de Politesche Mandater An dëst vun, dem Deputéierten, de Buergermeeschter bis zu dënn Schäffen an de Conseilleren aus de Gemengen. D 'Interessen firwat een asteet a gewielt ginn ass déi stoussen munch mol openaner. An dëst sinn dann schwiereg Situatiounen fir de Gewielten.

Reason for the petition

E Cumul vu politesche Mandater verhënnert dass de Gewielten sech honnertprozenteg op eng Funktioun ka konzentréieren. Vertraue vum Wieler kréien verlaangt awer no engem kompletten a responsabelen Asaz an engem éierlechen Engagement. Mat méi Mandater kann dat schwiereg ginn, well engem Deputéierte seng Intressien an Decisiounen u Fraktiounszwang gebonne kënne sinn oder einfach net déi vun engem Buergermeeschter sinn. An deem Sënn ass e Cumul kontraproduktiv, egal wéi, e Mandat kennt ze kuerz. An dat mécht dem Gewielten och dacks onnéideg d'Liewen an d'Aarbecht schwéier a kann e Verloscht u Credibilitéit mat sech bréngen

Signature collection over

After analysing all the registered signatures, 135 were valid.

Verified signatures

135 / 4 500

Share the petition

Key information

Closed

Submission date

31/03/2023

Opening of the signature collection

12/05/2023

Additional information