Public n°2566

Petitioner: Carla Carvalho Almeida

Pour un enseignement axé sur les besoins de nos enfants. Fir en Enseignement deen d'Besoinen vun eisen Kanner wouer hëlt.

Purpose of the petition

D'Haaptzil vun der Petitioun ass d'Zuel vun de Kanner pro Klass an der Grondschoul ze reduzéieren. Et ass wichteg, dat den Titulaire sein Unterrecht esou kann gestalten, dat hien den Bedürfnisser an den individuellen Ënnerscheeder vun den Kanner kann gerecht ginn. Am Moment ass d'Method fir ... more

Reasons for the petition

An deene 16 Joer wou ech mat Kanner schafen hunn ech bedeitend Ännerungen an der Betreiung bemierkt. D'Entrée an d'Crèche geschitt ëmmer méi fréi a dëst och fir méi laang Perioden. Als Resultat schéngt d'Famill net méi déi eenzeg Plaz vun der primärer Sozialiséierung ze sinn. D'Schoul spillt ... more

ended  27.02.2023
4753 /4.500
100%
registered signatures

Share petition

The steps of this petition

Icon process
28.03.2023

A public debate in committee took place on 28-03-2023 about the public petition n°2566

10.03.2023

Validated paper signatures: 114

10.03.2023

The threshold of 4500 signatures is reached for the public petition n°2566, on 10-03-2023

10.03.2023

Validated electronic signatures: 4639

28.02.2023

The period for signing the public petition n°. 2566 is closed on 28-02-2023 - Number of electronic signatures before validation: 4697

17.01.2023

The public petition n°2566 is open for signature, on 17-01-2023

16.01.2023

Statement of admissibility

12.01.2023

The public petition n°2566 is declared admissible by the Conference of Presidents on 12-01-2023

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 17-01-2023 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 27-02-2023 at 11:59 p.m.

11.01.2023

The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 2566, on 11-01-2023

Opinion of the Committee on Petitions: positive

22.12.2022

The petition public n°2566 is submitted the 22-12-2022

Title of the petition: Pour un enseignement axé sur les besoins de nos enfants.

 

Fir en Enseignement deen d'Besoinen vun eisen Kanner wouer hëlt.

Aim of the petition: D'Haaptzil vun der Petitioun ass d'Zuel vun de Kanner pro Klass an der Grondschoul ze reduzéieren. Et ass wichteg, dat den Titulaire sein Unterrecht esou kann gestalten, dat hien den Bedürfnisser an den individuellen Ënnerscheeder vun den Kanner kann gerecht ginn.

Am Moment ass d'Method fir d'Schoulorganisatioun déi vum Contingent. Dës Method ass ganz komplex a mécht et leider net ëmmer méiglech d'Klassen an enger Schoulorganisatioun esou ze gestalten dat d'Klassen eng harmonesch Klassegreisst hunn. Dës Petitioun soll also ouni Ausnamen d'Klassegréisst op maximal 16 Schüler pro Klass reduzéieren.

D'Gréisst vun enger Klass ass e wesentleche Faktor fir en qualitativ

héichwäertegen Unterrecht.

Dobäi soll d'Petitioun och d'Organisatioun vum Cycle 1 nei iwwerdenken. Wéi am Precoce soll den Titulaire mat engem Educateur zesummen schaffen fir ob d'Bedürfnisser vun den Kanner kennen anzegoen an déi wësentlech Ënnerscheeder an déier Altersspalt (4-6Joer) kennen obzefänken.

Motivation of the general interest of the petition: An deene 16 Joer wou ech mat Kanner schafen hunn ech bedeitend Ännerungen an der Betreiung bemierkt. D'Entrée an d'Crèche geschitt ëmmer méi fréi a dëst och fir méi laang Perioden. Als Resultat schéngt d'Famill net méi déi eenzeg Plaz vun der primärer Sozialiséierung ze sinn.

D'Schoul spillt eng wesentlech Roll an deene verschidde Léierprozesser vun de Kanner. Et ass net nëmmen eng Iwwerdroung vu Wëssen. D'Roll vun den Enseignanten huet sech an der leschter Zäit staark verännert. Et ass also wichteg dat d'Enseignanten an hierer Aufgab esou gutt wéi méiglech ënnerstëtzt ginn. Et soll een Aarbechtskonditioune schafen déi et erméiglechen d'Erausfuerderungen am Alldag ze meeschteren.

Zu dësen Zäiten ass et wichteg déi pedagogesch Approchen an d'Moyenen an eisem Schoulsystem ze iwwerpréiwen. Wa mir Kanner an hiren Léierprozesser wëllen ënnerstëtzen, musse mir e System opbauen, dee d'Besoinen vun den Kanner wouer hellt an och kann gerecht ginn.

 

D'Aféieren vum Contingent huet den Educatiounssecteur éischter ënnergruewen wéi gestäerkt. Et ass wichteg e Kader ze setzen deen eng méi individuell Approche erlaabt.

D'Fro déi sech stellt ass och ob den Manktem un qualifizéiertem Schoulpersonal net och un deenen aktuellen Aarbechtskonditiounen leit?