Pour un enseignement axé sur les besoins de nos enfants. Fir en Enseignement deen d'Besoinen vun eisen Kanner wouer hëlt.

Public petition n°2566

Petitioner: Carla Carvalho Almeida

Purpose of the petition

D'Haaptzil vun der Petitioun ass d'Zuel vun de Kanner pro Klass an der Grondschoul ze reduzéieren. Et ass wichteg, dat den Titulaire sein Unterrecht esou kann gestalten, dat hien den Bedürfnisser an den individuellen Ënnerscheeder vun den Kanner kann gerecht ginn. Am Moment ass d'Method fir d'Schoulorganisatioun déi vum Contingent. Dës Method ass ganz komplex a mécht et leider net ëmmer méiglech d'Klassen an enger Schoulorganisatioun esou ze gestalten dat d'Klassen eng harmonesch Klassegreisst hunn. Dës Petitioun soll also ouni Ausnamen d'Klassegréisst op maximal 16 Schüler pro Klass reduzéieren. D'Gréisst vun enger Klass ass e wesentleche Faktor fir en qualitativ héichwäertegen Unterrecht. Dobäi soll d'Petitioun och d'Organisatioun vum Cycle 1 nei iwwerdenken. Wéi am Precoce soll den Titulaire mat engem Educateur zesummen schaffen fir ob d'Bedürfnisser vun den Kanner kennen anzegoen an déi wësentlech Ënnerscheeder an déier Altersspalt (4-6Joer) kennen obzefänken.

Reason for the petition

An deene 16 Joer wou ech mat Kanner schafen hunn ech bedeitend Ännerungen an der Betreiung bemierkt. D'Entrée an d'Crèche geschitt ëmmer méi fréi a dëst och fir méi laang Perioden. Als Resultat schéngt d'Famill net méi déi eenzeg Plaz vun der primärer Sozialiséierung ze sinn. D'Schoul spillt eng wesentlech Roll an deene verschidde Léierprozesser vun de Kanner. Et ass net nëmmen eng Iwwerdroung vu Wëssen. D'Roll vun den Enseignanten huet sech an der leschter Zäit staark verännert. Et ass also wichteg dat d'Enseignanten an hierer Aufgab esou gutt wéi méiglech ënnerstëtzt ginn. Et soll een Aarbechtskonditioune schafen déi et erméiglechen d'Erausfuerderungen am Alldag ze meeschteren. Zu dësen Zäiten ass et wichteg déi pedagogesch Approchen an d'Moyenen an eisem Schoulsystem ze iwwerpréiwen. Wa mir Kanner an hiren Léierprozesser wëllen ënnerstëtzen, musse mir e System opbauen, dee d'Besoinen vun den Kanner wouer hellt an och kann gerecht ginn. D'Aféieren vum Contingent huet den Educatiounssecteur éischter ënnergruewen wéi gestäerkt. Et ass wichteg e Kader ze setzen deen eng méi individuell Approche erlaabt. D'Fro déi sech stellt ass och ob den Manktem un qualifizéiertem Schoulpersonal net och un deenen aktuellen Aarbechtskonditiounen leit?

Public debate

Key information

Threshold reached - a public debate will be organised

Submission date

22/12/2022

Opening of the signature collection

17/01/2023

Additional information

Signature collection over

After analysing all the registered signatures, 4639 were valid.

Verified signatures

4 753 / 4 500

Share the petition